Jean-Michel Treinen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean-Michel Treinen am Oktober 2005

De Jean-Michel Treinen, gebuer den 3. August 1954 zu Rëmeleng ass e lëtzebuergesche Literat.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

No sengem Lycée zu Esch-Uelzecht huet de Jean-Michel Treinen Germanistik a Geschicht zu Wien a Bonn studéiert.

Zënter 1977 ass hie Staatsbeamten um Landwirtschaftsministär, Expert fir Kärenhandel a Kulturen.

De Jean-Michel Treinen lieft mat Fra an zwee Kanner zu Lëntgen.

[änneren] Säi Wierk

  • De Jhoss an de Fred op der Mauer, Theaterstéck, 1985, ausgezeechent am Nationale Literaturconcours, Première am Januar 1987 zu Esch-Uelzecht, Kulturfabrik, Programm «  Nacht 3 « 
  • Kulturflapp, Sketch, 1991; Christiane-Schlechter-Präis vun der Lëtzebuerger Kabaretsentente (LKE)
  • Dialogen a Mataarbecht um Filmszenario Troublemaker vom Andy Bausch, 1988; idem A Wopbopaloobop A Lopbamboom, 1989
  • Wou d'Wäiss Mais Schlittschung fueren, Gedichter, Esch-Sauer 1989, 2. Oplo 1992, Op der Lay 103,
  • Angscht virum Groussen Tunn, Geschichten, Esch/Sauer 1991, Op der Lay 109.
  • Mäcbess / Macbeth, Theater, Esch/Sauer, Iwwersetzung 1996, Op der Lay 117.
  • Dem Alto seng grouss Rees, Libretto fir e Musekstéck fir Kanner, . Komponist: Marco Pütz, 1995

Literaresch lwwersetzungen:

  • Eist Land, Gedichter vum René Welter, 1988, Editions Guy Binsfeld

Texter vom Carlo Hemmer, 1989, Editions Guy Binsfeld

  • NippleJesus, Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Nick Hornby sengem Wierk (2010 vu Maskénasa inszenéiert)

Kuerzgeschichten an Anthologien:

  • Schriftbilder, Editions Guy Binsfeld, Luxemburg 1984
  • Lëtzebuerger Almanach 1986, 1987, 1988, 1989, Editions Guy Binsfeld
  • Walfer Anthologie 2004, 2005, . Editions Guy Binsfeld
  • Lustich, Luxemburg 1987, LSV Autorenverlag
  • Cahiers luxembourgeois, Luxemburg 1991

Aschlofen ënnert engem roude Stärenhimmel as méi geféierlech - Hommage un de Roger Manderscheid, Esch/Sauer 1994, Op der Lay 802 Regards d'écrivains, Editions le Phare, 1995 Gedichter, Sketcher, Satiren fir d' Scène libre an d' Lëtzebuerger Kabaretsentente 1985-1995

De Jérôme Lulling huet 1996 a senger Magisteraarbecht Lëtzebuergesch heute: Bestandsaufnahme und Veranschaulichung d'Wierker vum Jean-Michel Treinen analyséiert. Dës Aarbecht gouf an der Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg deposéiert.

[änneren] Kompositiounen

  • LP Tears of Sound, "Quasiraga" Solist : Charlie Mariano
  • Freedefeiersmusék 1998
  • Freedefeiersmusék 2001 fir d’"Entrée Joyeuse" vum Groussherzog an der Groussherzogin

[änneren] De Koran-Projet

De Wee bei d'Buch, Versuch vun enger Iwwersetzung vum Noble Koran, Dépôt an 3 Exemplairen Maison Servais Abrëll 2005

Dës nach net offiziell unerkannten Iwwersetzung war vun Oktober bis Dezember 2005 am Centre national de littérature ausgestallt, a gëtt nach e puer Joer vu Lëtzebuerger Muslim- a Koran-Spezialisten iwwerpréift. Historesch gesinn ass dësen Depot de Bewäis, datt deen éischte kompletten "Hellegen Text", deen an d'Lëtzebuergescht iwwersat gouf, dee vum Islam ass.
  • De Wee bei d'Schrëft. Versuch vun enger Iwwersetzung vum Nobele Koran an d'Lëtzebuergescht, Kommentär op Lëtzebuergesch. Arabesch an der Transliteratioun vu Muslim Access. C/O Editions Al-Buruj, 7, bei de Fëschweieren, L-7447 Lintgen.

Aus der editorescher Notiz: "Dës Iwwersetzung gouf vun Juni 1999 bis Januar 2008 vum Jean-Michel (Yahya) Treinen gemaach, kontrolléiert an nogelies. Wéi all Iwwersetzung vum Hellege Koran ass se nëmmen e Versuch a revendiquéiert keng süirituell Autoritéit. Si gouf nogelies a lektoréiert vum Laurent Mignon a vum André (Muhammad Yussuf) Huberty a fir gutt befonnt. De Lektorat gëtt nach weidergefouert. ..."

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht