Jean-Nicolas Collart

Vu Wikipedia
Jean-Nicolas Collart
Gebuer 1777
Gestuerwen 1842
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jean-Nicolas Collart, gebuer 1777 a gestuerwen 1842, war e lëtzebuergeschen Industriellen.

Vun 1813 bis 1836 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Remerschen. Hien hat d'Schengener Schlass geierft an dat aalt Schlass 1812 bis op den Tuerm ofrappe gelooss an dunn en neit Schlass, dat haut nach steet, baue gelooss.

De Jean-Nicolas Collart huet 1816 d'Schmelz zu Berbuerg kaaft. 1837 huet hien déi fréier Eisespléckerei "Les Rochers" zu Berbuerg un de Jacques Lamort verkaaft. D'Berbuerger Schmelz huet hien dat selwecht Joer un d'Sociétéit Metz & Cie verpacht.

Hie war de Fils vum Charles Joseph Collart an de Papp vum Charles a Jules Collart. Hie war mat der Marie Anne Laval bestuet.