Jean-Paul II. (Poopst)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Jean-Paul II.

De Jean-Paul II. (lat.Ioannes Paulus PP. II), biergerlech Karol Józef Wojtyła, gebuer den 18. Mee 1920 zu Wadowice, Polen, a gestuerwen den 2. Abrëll 2005 am Vatikan, war den 264. Poopst an der Geschicht vun der Réimesch-kathoulescher Kierch. Säi Pontifikat huet de 16. Oktober 1978 ugefaangen an huet nohalteg souwuel d'Endphas vum Kale Krich wéi och d'Zäit duerno geprägt. Hie war nom Pius IX. deen Nofolger vum Péitrus, deen am zweetlängsten an der Geschicht amtéiert huet.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Liewen

[änneren] Kandheet a Jonktem

De Karol Wojtyla gouf zu Wadowice, enger klenger Stad bei Krakau, als Jong vun engem fréiere k.u.k. Offizéier gebuer, deen awer dee Moment als Schneider seng Sue verdéngt huet. Seng Mamm, d'Emilia Kaczorowska, ass gestuerwe wéi de Karol néng Joer al war. Am Alter vun 12 Joer huet hien dunn och nach säin eelere Brudder Edmund, deen de 5. Dezember 1932 als jonke Medeziner zu Bielitz (Bielsko-Biala) u Scharlach gestuerwen ass, verluer. De spéidere Poopst hat seng Schwëster ni kenne geléiert, si war scho viru senger Gebuert gestuerwen.

Vun 1930 u war hien am Lycée an huet och vun 1934 un Theater gespillt. De Karol war Massendénger an als éiergäizege Schüler bekannt. Hien huet seng Schoul mat Beschtnoten ofgeschloss. Am Summer 1938 ass hie mat sengem Papp op Krakau geplënnert an huet sech do fir e Philosophie- a Litteraturstudium op der Jagiellonen-Universitéit ageschriwwen. Dräi Joer méi spéit, am Joer 1941, ass dunn och säi Papp gestuerwen.

Op der Uni huet hie sech der Experimentaler Theatergrupp „Studio 39“ ëm den Tadeusz Kudliński ugeschloss, an deeër hie bis 1943, zum Schluss virun allem am Ënnergrond, gewierkt huet. No dem Ausbroch vum Zweete Weltkrich ass d'Universitéit vun den däitschen Okkupanten zougemaach ginn. 183 Proffen si verhaft ginn, a verschiddener sinn an de Konzentratiounslagere gestuerwen. De Wojtyla huet seng Studien an enger Ënnergronduniversitéit weidergefouert. 1942 ass hien du gezwonge ginn an engem Steebroch an 1944 an enger Chemiefabréck ze schaffen. Hie konnt esou seng Deportatioun an Däitschland verhënneren.

Wadowice a Krakau si Plazen déi virum Zweete Weltkrich ganz staark vun der jiddescher Kultur beaflosst waren. Dëse Fait huet dem Karol säi positivt Verhältnes zum Juddentum staark beaflosst. Seng Intresse ware breet gefächert: hien huet sech am rhapsodeschen Theater engagéiert an ass am Oktober 1942 an de geheime Seminär vu Krakau agetrueden. Vun do un, bis datt de Krich eriwwer war, hat hien e Refuge an der Residenz vum Äerzbëschof Adam Stefan Saphieha.

[änneren] Paschtouer a Professer

Den 1. November 1946 ass de Karol Wojtyla vum Adam Stefan Saphieha, dee mëttlerweil zum Kardinol avancéiert war, heemlech zum Priester geweit ginn. Hie promovéiert an den nächsten zwee Joer, op Uweisung vum neie Kardinol, zu Roum am Angelicum iwwer Theologie an d'Mystik vum hellege Jang vum Kräiz. Den 3. Juli 1947 huet hien eng Lizenz an der Theologie an de Juni 1984 en Doktorat an der Philosophie gemaach.

Duerno war hie Kaploun zu Niegowic bei Gdów a spéider war hien dunn an der Krakauer Studentekierch täteg, wou hie ganz séier fir seng Priedegte bekannt gouf. Seng onkomplizéiert Aart a Weis hunn hien zu engem beléiften Uspriechpartner vu Studente gemaach. De Woityla promovéiert bis 1949 och an der Theologie.

Vun 1953 un huet de Karol als Professer, Moraltheologie zu Krakau Coursen gehal. 1954 huet hie Philosophie a Sozialethik op der kathoulescher Universitéit vu Lublin studéiert, wou hie säi Proffenexamen gemaach a gepackt huet.

[änneren] Bëschof a Kardinol

Den 28. September 1958 gouf hie Weibëschof vu Krakau. De Wojtyla huet aktiv um Zweete Vatikanesche Konzil deelgeholl. Säin Haaptargument war d'Reliounsfräiheet, déi am Dokument Digniatis Humanae beschwuer gouf an eng zäitgeméiss Verkënnegung vun der Léier, déi am Konzilpabeier Gaudium et Spes gefuerdert gouf.

Den 13. Januar 1964 gouf de Karol dem Kardinol Sapieha säi Nofolger als Äerzbëschof vu Krakau. Säin Episkopat gouf virun allem duerch déi „schounend“ Konfrontatioun mat dem kommunistesche Regime a Polen geprägt. Säin Drängen op de Bau vun enger Kierch an der neier Aarbechterstad Nowa Huta a seng Priedegten, wou hien déi fräi Ausübung vun der Relioun fir all Pole gefuerdert huet, hunn hien als couragéierten Antikommunist bekannt gemaach. 1965 war hien um Bréif vum polneschen Episkopat un déi däitsch Bëscheef bedeelegt, an deem hien derzou opgeruff huet, datt déi zwee Vëlker sech nees solle besser matenee verdroen. Och dëst huet zu schaarfen Ugrëff vum kommunistesche Pouvoir gefouert.

Zum Kardinol erhuewe gouf hien den 26. Juni (....) mat der Titelkierch "San Cesare in Palatio".

Wéinst de kierchleche Beméiungen ëm déi däitsch-polnesch Verstännegung huet de Karol 1974 d'Bundesrepublik Däitschland besicht an huet zesumme mam Kardinol Döpfner den 19. September eng Mass am Karmeliterinneklouschter „Hellegt Blutt“ am fréiere KZ Dachau zelebréiert. Als Poopst huet hien du spéider 48 vun deene Paschtéier, déi do inhaftéiert waren, séileg gesprach. Am September 1975 huet hie mam Bëschof Joachim Meisner, dee spéider ënnert dem Jean Paul II. och Kardinol gouf, eng Pilgermass zu Erfurt gehalen. Ee leschten Däitschlandbesuch huet hien zusumme mam Primas vu Polen, dem Kardinol Wyszyński, 1978 gemaach.

[änneren] Poopst

[änneren] D'Ufangsjore vum Pontifikat

Mat dëse Wieder gouf bekannt gemaach, woumat kee gerechent hat: „Annuntio vobis gaudium magnum: habemus Papam. Eminentissimum ac reverendissimum dominum, Dominum Karol Józef , Sanctae Romanae Ecclesiae cardinalem Wojtyla, qui sibi nomen imposuit Ioannes Paulus PP. II .“.

De Karol Wojtyla ass den 16. Oktober 1978 vun den 111 Kardineel (am 8. Tour mat 97 – 99 Stëmmen) zum Nofolger vum Jean Paul I., deen den 28. September 1987 gestuerwe war, gewielt ginn. Hie war domat den 264. Poopst a Bëschof vu Roum (no kierchlechem Zielen), hie war deen éischten net italienesche Poopst zënter dem Hadrian VI. (*1459 zu Utrecht) sou wéi den éischte slawesche Poopst zënter dem Pius IX.. De Karol war och dee jéngste Poopst an der Kierchegeschicht. Ausserdeem war hie kierperlech top fit, wat net ëmmer bei de Peepst de Fall war. Hien huet souguer nach Sport gedriwwen: en ass vill geschwommen, en ass gären an d'Bierger trëppele gaang an e soll méi wéi 100 mol de Vatikan heemlech verlooss hu fir Ski ze fueren.

[änneren] D'Attentater vun 1981 an 1982

Den 13. Mee 1981 huet den tierkesche rietsextreme Mehmet Ali Ağca op der Péitersplaz op de Jean-Paul II. geschoss.

D'Marieveréierung vum Jean Paul II. war besonnesch grouss. Well den Dag vum Attentat op den Dag vun der éischter Marienerscheinung vu Fátima gefall ass, huet de Jean Paul II. d'Maria, d'Gottesmamm, fir seng Rettung responsabel gemaach an en huet hir mat enger Pilgerrees a Portugal Merci gesot. Hien hat d'Projektil vergulden an an eng gëlle Kroun abaue gelooss, déi en der Madonna vu Fátima geschenkt huet. D'Mariestatu dréit bis haut dës Kroun mat der Kugel um Kapp.

D'Hannermänner vum Attentat goufe laang Zäit beim sowjetesche Geheimdéngscht KGB vermutt. Et ass allerdéngs net bestätegt ginn, well den Attentäter selwer bis Mäerz 2006 näischt iwwert d'Hannergrënn vun dem Attentat gesot huet. Mëttlerweil behaapt hien, Ënnerstëtzung aus dem Vatikan selwer kritt gehat ze hunn. 2006 huet déi italienesch Recherchekomissioun offiziell confirméiert datt d'Attentat am Optrach vum Leonid Breschnew verübt ginn ass, a Cooperatioun mat dem bulgareschen a russesche Geheimdéngscht an der Stasi.

Den 12. Mee 1982 huet een ultrakonservativen Unhänger vum Beschof Marcel Lefebvre, den Abbé Jean Fernandez, op enger Pilgerrees a Portugal een weidert Attentat op den Poopst verübe wëllen. Seng Leifwiecher hunn dee bewaffnete Mann awer dorunner hënnere kënnen. De Paschtouer, dee schéisse wollt, huet seng Dot mat der „Rettung“ vun der réimesch kathoulescher Kierch begrënnt virun de Beschlëss vum Zweete Vatikanesche Konzil.

[änneren] De weidere Verlaf vum Pontifikat

Den 28. Mee bis den 2. Juni 1982 huet de Jean-Paul II. Als éischte Poopst säit 450 Joer, also säit der Trennung vun der Anglikanescher Kierch Groussbritannie besicht. Hie war op Besuch bei der Kinnigin Elisabeth II. a war an der Kathedral vu Canterbury bäi engem ökumenesche Gottesdéngscht dobei. 1982 war hien an der Schwäiz, 1983 déi éischte Kéier an Éisträich.

Wéi d'UNO]] 1985 Joer vun der Jugend hat, huet de Jean-Paul II. Grënnung vun dem Weltjugenddaag bekannt ginn. Den éischte Weltjugendaag war 1986 zu Roum, vun do un ass hien a regelméissegen Ofstänn a verschiddene Länner.

Den 27. Oktober koum et dunn zu Assisi zu dem vum Jean-Paul II. agefouerte Gebiet vun de Weltreliounen fir de Fridden.

Kuerz nom Fall vun der Berliner Mauer – den 1. Dezember 1989 gouf de Michail Gorbatschow vum Poopst emfaangen, et war déi eenzeg Kéier datt ee KpdSU Generalsekretär vun engem Poopst emfaange gouf.

Den 31. Oktober 1992 huet déi Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften hire Bericht iwwer de Fall Galileo Galilei un de Poopst weiderginn, hien hat Peepstlech Akademie mat dësem Bericht beoptraagt.

1994 huet den US-Magazin TIME de Jean-Paul II. zum Mann vum Joer gewielt.

De 15. Januar 1995 huet de Poopst zu Manila de gréisste Gottesdéngscht an der Geschicht vun der RKK viru 4 Millioune Leit zelebréiert. Et war zousätzlech déi gréissten historesch noweisbar Versammlung vun der Menschheet. Den 21. Januar ass hien ob Kuba gepilgert.

De Poopst ass an de 90er och puermol operéiert ginn, sou ass him 1992 ee gutaartegen Tumor aus dem Deckdaarm eraus geholl ginn, Nodeems hien am Buedzëmmer gefall war huet hie sech Heft gebrach an huet missen ee kënschtlecht Heftgelenk agesat kréien.

Mat dem Opmaache vun der „Helleger Paart“ den 25. Dezember 1999 huet hie Feierlechkeete fir d'hellegt Joer 2000 ugefang. Den 12 Mäerz 2000 huet de Poopst ee „Mea culpa“ ausgesprach fir der Kierch hir Verfehlungen wéi Glawenskricher, Juddeverfolgung an der Inqusition. Acht Deeg mei spéit ass hien an Israel, Jordanien an an déi palästinensesch Gebidder gereest. Hien huet Holocaust-Gedenkstätte Yas Vashem an Israel besicht an hien huet un der Klagemauer gebiet.

Noo dem Uschlo den 11. September an de Krich am Afghanistan huet de Poopst zu engem zweete Weltgebietsdaag opgeruff.

Am Joer 2003 ass hien fir den Friddensnobelpräis nominéiert ginn, de 24. Mäerz 2004 huet hien den ausseruerdentleche Karlspréis vun der Stadt Oochen fir säin Asaz fir Fridden, Freiheet an Demokratie kritt. Am Juni 2004 huet hie Freiheetsmedaille vum George W. Bush kritt, déi hécksten zivil Auszeechnung an den USA.

[änneren] Krankheet an Doud

Déi leescht Joer vun sengem Pontifikat si vun senger Krankheet geprägt, déi am Laf vun der Zäit ëmmer méi schlëmm gëtt. Bei sengen ëffentlechen Optrëtter sinn ëmmer seng Schwieregkeeten beim Schwätzen, säin Zidderen an seng Lähmungserscheinungen opgefall, all déi Syndromer si vun senger Parkinson-Krankheet ausgaangen. Hien huet massiv ënnert de Folgen vum Attentat gelidden, an och un enger Arthritis am Knéi als Folleg vu senger Hëftoperatioun.

Obwuel hien am Ufank vum Pontifikat mat enger gudder Gesondheet ee grousse Virdeel vis-à-vis vun anere Peepst hat, sou ass d'Bild vun engem matgehollene, kranke Poopst dach an de Käpp vun de Leit agebrannt. Säin allgemengen Zoustand huet och ëmmer méi zu Spekulatioune gefouert iwwert e méigleche Récktrëtt, mat dem Saz „Ech leeë mäi Pontifikat a Gottes Hänn“ ass hien deene Gerüchter vun de Kritiker geschéckt ausgewach. Ee Récktrëtt wier eppes Besonnesches an der Geschicht vun der RKK gewiescht. Aussoen, datt hie sech ee Récktrëtt awer duerch de Kapp goe gelooss huet, huet een awer a verschiddene Passage vu sengem Testament fonnt.

Ufank 2005 ass et dem Poopst vill méi schlecht gaangen, hien ass weinst enger Kehlkopfentzündung an Otemnout an d'Gemello-Spidol zu Roum bruecht ginn. Nodems hien den 10. Februar erëm entlooss gouf, ass hien de 24. Februar no engem Réckfall erëm ageliwwert ginn, an et gouf een Loftrouerschnëtt duerchgefouert.

Den 13. Mäerz 2005 ass hien zeréck an de Vatikan bruecht ginn, huet awer net konnten aktiv un den Ouschterfeierlechkeeten deelhuelen. Hien ass just Ouschtersonndeg stomm op der Fënster vu sengem Aarbechtszëmmer gewise ginn, an huet de Segen „Urbi et Orbi“ gespent. Den 30. Mäerz huet hie sech op een neist zum übleche Mëttwochstermin an der Fënster weise gelooss, dat war säi leschten ëffentlechen Optrëtt.

Dem offizielle Bericht vun dem Amtsblat Acta Apostolicae Sedis noo, huet de Jean Paul II. den 2. Abrëll 2005, um 15:30 op polnesch seng leescht Wieder gesoot: „Loosst mech zum Haus vum Papp goen“ Véier Stonne méi spéit ass hien an de Koma gefall. Um 21:37 ass de Jean Paul II., de Karol Wojtyla am Alter vun 84. Joer an senge Privatram gestuerwen. Een neie Spidols Obenthalt, an intensiv medizinesch Behandlung huet de Poopst ofgelehnt. Säi Stierwen ass vun ausféierleche Live-Berichterstattunge vun internationalen Medie begleed ginn.

[änneren] Moral

[änneren] Sexmoral

De Jean-Paul II. huet un den alen an der Enzyklia Casti counbii vum Pius XI. Begrënnte Richtlinne festgehal, no deenen d'Empfängnisverhütung de Katholiken net erlaabt ass. Hien huet un den traditionellen Sex-Richtlinie festgehal, déi besoen, Sex géif souwuel der Fortplanzung déngen, wei och der Erfëllung vum Partner mat Freed, wann awer elo ee vun denen zwou Optiounen net erfellt war (also express Verhid ginn ass) war et „fehlgeleiteten Sex“. Scho viru senger Aarbechtszäit als Poopst huet hien un der Enzyklika Humanae Vitae matgewierkt, déi d'Pëll als Verhüttungsmettel oflehnt.

An der Enzyklika Evanglium Vitae huet de Jean Paul II. och aner Agrëffer an d'Natur, wei zum Beispiel Sterilisatioun ofgelehnt. Am Evangelim Vitae huet de Poopst och d'Meenung vertratt, datt Kondomer och zur Virbeugung vu Geschlechtskrankheeten (z.B AIDS) net erlaabt sinn. Amplaz huet hie gemengt, Enthalsamkeet wier déi richteg Léisung. Hien huet sech doduerch staarker Kritik vun den Hëllefsorganisatiounen an der UNO missen aussetzen. Kritiker hunn der RKK Schold un der Imunschwächekrankheet ginn. Pro-Kierchler, hu sech gewiert, an domat argumentéiert datt ee Brochdeel vun de Länner wou HIV/AIDS staark ausgebrach waren iwwerhaapt kathoulesch wieren, sie hunn Schold op Mangel un Opklärung an Hygiène gedréckt.

Am Bezuch op Homosexualitéit, huet de Poopst Lesben a Schwuler zur Keuchheit opgeruff. Vu Politiker huet hie gefuerdert, gläichgeschlechtlech Partnerschaften net z'erlaaben, weder a Form vun enger Hochzeit, nach vun enger agedroener Partnerschaft (wéi se héi zu Letzebuerg erlaabt ass (Pacs)).

[änneren] Schwangerschaftsofbroch

Am Buch „Erinnerung und Identität – Gespräch an der Schwelle zwischen den Jahrtausenden“ huet de Jean Paul II. opgeruff, Gesetzer zum Thema Ofdreiwung ze hannerfroen. Politiker a Parlamenter, déi Gesetzer erloossen déi Ofdreiwung erlaabe, solle sech bewosst sinn, datt si geint Gottes Gesetz géinge goen, an an d'Natur géingen agréifen.

Am 1990er Joren, huet de Poopst sech géint eng Lackerung vum Ofdreiwungsgesetz ausgeschwat. Ofdreiwung, sou de Jean Paul II. ass Mord.

Andeems hie sech op säi Jurisdiktionsprimat beruff huet, huet hien déi däitsch Bëscheef gezwongen ze Verbidden datt kierchlech Berodungsstelle Beratungsbescheinegungen ausstellen, déi een an Däitschland muss opweises hunn fir bis zum drette Mound kennen stroffräi ofzedreiwen.

Kierchlech Berodungsstellen hunn esou déi staatlech Unerkennung verluer. Déi meescht Bescheef, déi géint dës Entscheedung vum Poopst waren, hu vergeblech probéiert de Poopst ëmzestëmmen. D'Bëscheef hunn d'Meenung vertratt, datt eng kathoulesch Schwangerschaftsberodung ee wichtege Schutz fir ongebuerend Liewe wier. Nom Ausstieg vun der kathoulescher Kierch aus dem staatleche System gouf de Veräin Donum Vitae gegrënnt, den amplaz vun de Kierchen elo eng kathoulesch orientéiert Schwangerschaftsberodung ubitt, déi och vum Staat unerkannt gëtt.

[änneren] Ecologie

Fir de Jean Paul II, war Ëmweltzersteierung ee moralesche Problem, et war eng Konsequenz fir déi aus der Balance gerode Bezéiung zweschent de Menschen an der Schëpfung.

D'Méiglegkeet dest Problem ze vermeiden, huet hien an der Réckbesënnung op chrëchtlech Wäerter gesinn. Ursaach ware fir hien net nëmmen déi politesch Hindernisser a Form vun iwwerdriwwenem Nationalismus an de ökonomesch Intresse mee besonnësch d'feelend Solidaritéit tescht de Mënschen. De Jean Paul II. huet ëmmer erëm gefuerdert datt Mënsche solle Verantwortung fir sech selwer, hir Matmënschen an d'Äerd iwwerhuelen. Hien huet dowéint ëmmer erëm déi „ecologesch Beruffung“ vun de Chrechten betount, sou wéi een ökologesch tragfähege Liewensstil a global Solidaritéit als een onverzichtbare Glawen a Liewenszeeschness an der moderner Gesellschaft gepriedegt. Et wär Respekt virun der Schöpfung a virun de kommende Generatiounen.

[änneren] Sozialethik

Nieft senger Kritik un de Kommunismus a Sozialismus war de Jean Paul II. och ee scharfe Kritiker vun dem neoliberale Kapitalismus. Hien huet sech fir Rechter vun den Aarmen, a vun dene Leit déi schaffen agesat, an huet Mënscherechtsverletzung wéi an Ausbeutung virgeworf, an den Enzyklike Laborem Exercens(1981) a Sollicitudo Rei Socialis (1987). D'Enzyklika Centensimus Annus vun 1991, verëffentlecht fir de 100ste Joresdaag vun der eischter peepstlecher Sozialenzykia Rerum Novarum, akzeptéiert déi sozial Marktwirtschaft mat grousser Däitlechkeet anescht wéi a fréieren Dokumenten. Am Kompendium vun der Sozialléier vun der Kierch, den de Vatikan 2004 eraus bruecht huet (eng däitsch Iwwersetzung ass 2006 eraus komm), gi Grondsätz vun der kathoulescher Sozialléier a knapper Forum zesummegefaasst. Sozialuerdnung awer just verschidden Aspekter vun enger „Ziviler Léift“, sou de Jean Paul II. un eng Formuléierung vum Poopst Paul VI. Vun 1975 unknäppend, soll der Jugend als Programm un d'Häerz geluet ginn.

[änneren] Kierchepolitik

D'Amtszäit vum Jean Paul II. war geprägt vu staarke repräsentativen Aspekter vum Poopstamt. Dat huet sech am Ufank virun allem duerch déi vill Auslandsreese vum Poopst an déi vill Pastoralbesich bemierkbar gemach. Séier war hien net méi den däitschen „heiliger Vater“, mais gouf do „eiliger Vater“ genannt. 1980, 1987 an 1996 war hien an Däitschland, 1983, 1988 an 1998 an Éisträich, a véier mol an der Schwäiz (1982, 1984, 1985 an 2004). Zu Lëtzebuerg war hien eng Kéier 1989; bei dëser Visit huet hie perséinlech de Bëschof Jean Hengen zum éischten Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt.

[änneren] Interreliéisen Dialog

De Jean Paul II. huet sech mei staark wéi seng Virgänger fir den interreligiéisen Dialog agesat, besonnech mam Juddentum, dem seng Vertrieder hien als „eeler Geschwëster vun de Chrëschten“ bezeechent huet, an dem Islam. Sichtbaren Ausdrock hunn dës Beméihungen an denen zwee Weltgebietstreffe vun der Relioun 1968 an 2002 zu Assisi fonnt. Och an dee vun him an d'Liewe geruffene Weltjugenddaag betount de Jean Paul II. den Dialog zwëschen de Kulturen an de Reliounen. Den 13. Abrëll 1968 huet hien als éischte Poopst zu Roum eng Synagog betratt, an den 6. Mee 2001 zu Damaskus als éischte Poopst eng Moschee (Umayyaden-Moschee).

De 16. Mäerz 1998 huet de Vatikan am Dokument Nodenken iwwert Shoa Matschold vun de Chrëschten um Holocaust beklot. D'peepstlech mea culpa den 12. Mäerz 2000 ass als historeschen Akt bezeechent ginn. De Jean Paul II. hat kiechrlech Feeltrëtt am Glawenskrich, der Juddeverfolgung an der Inquisitioun gestohn. Ob senger Pilgerrees op Israel, Jordanien an anaalästinensergebidder huet dedeoopst un der „Klagemauer“ gebiet, dem bebedeitesteiddeschen Hellegtum, an huet Holocaust-Gedenkstätte Yad Vashem besicht. Scho méi fréi, den 30. Dezember 1993, konnt Jerusalem de Grondlagevertrag vum Vatikan mat Israel iwwert Ophuele vun diplomatesche Bezéiungen ënnerschéiwen.

Fir seng Beméiunge gouf de Jean Paul II. mat dem "Award of Tolerance and Contribution to Dialogue" vun der rumänescher Kommissioun vun der UNESCO ausgezeechent.

[änneren] Ökomene

Ee besonnescht Uleies vum Poopst war d'Ökomene.

Bäi sengem éischten Däitschlandbesuch 1980 gouf eng kathoulesch-lutheresch Kommissioun agesat, där hir Aarbecht 1999 een Héichpunkter an dem Ennerschreiwe vun enger réimesch-kathoulescher – lutheranescher gemeinsam Rechtferdegungsléier fonnt huet. De Jean-Paul II, war den éischte Poopst den eng lutheranesch Kierch besicht huet. Hien huet awer och festgestallt, datt wéint ënnerscheedlechen Opfaassunge vun Eucharistie bzw. vum Abendmahl eng Interkommunioun zur Zéit net méigelech maachen. Hien huet dowéinst an der Ecclesia den Eucharistia déi de 17. Abrëll 2003 verëffentlecht gouf, d'Deelhuele vu kathoulesche Priester an enger protestantescher Abendmahlfeier verbueden. D'Verbuet huet bei verschiddene Paschtéier a bei Gruppéierunge vun der kathoulescher Kierch zu hefteger Kritik gefouert. D'Vertrieder vun den anere Konfessiounen hunn Aussoen, déi mat dem Schreiwes verbonne waren, bedauert. De Jean Paul II, ass domat op der Linn vu senge Virgänger bliwwen.

Och déi vun der Kongregatioun vun der Glawensgemeinschaft verfaassten, a vum Jean Paul II. bestätegen Erklärung Dominus Jesus, an der der protestantescher Kierch de Rang als gläichberechtegt Partner vun der kathoulescher Kierch ofgeschwat gouf, huet zumols an eisem Nopeschland Däitschland wou Konfessiounen bont gemëscht sinn zu staarken Diskussiounen gefouert. Seitens der evangelescher Kierch gouf awer festgehaal, datt d'Erklärung Dominus Jesus inhaltlech keng néi Positioun duerstellt. Am Dominus Jesus gouf erklärt, datt sech déi kathoulesch Kierch an engem anere, sakramentaleschem Senn als Kierch versteht wéi aner evangelesch Kierchen et machen.

Am Bezuch op déi orthodoxe Kierch ass et zwar zu Unäherunge komm, d'Beméihunge vum Poopst op Moskau ze reesen, fir do déi wichtegste Vertrieder vun der Orthodoxie - de russesche Patriarch Alexej II. - ze treffen, ass schlussendlech un dem sengem Widderstand gescheitert. Den Alexej huet der RKK massiv Missiounstätegkeeten an den orthodoxe Glawensregioune virgeworf.

[änneren] Kierchlech Ugeleeënheeten

De Jean Paul II. war a bannekierchleche Froe konservativ. Kritiker hunn him virgeworf, datt hien Theologen, Paschtéier, Uerdensleit a Bescheef déi him géint de Strech gaang sinn „inquisitoresch“ verfollegen, sou zum Beispiel Tissa Balasuriya (Sri Lanka), Leonardo Boff (Brasilien), György Bulányi (Ungarn), Edward Scjoööebeeckx (Belsch), de Beschof Jacques Gaillot (1995 Beschof vun Evreux ofgesat an zum Titulärbëschof vum Bistum Partenia ernannt (Bistum Partenia existéiert haut net méi)) an den Erzbëschof Raymond Hunthausen (USA; 1991 a Pensioun versat). De säit 1973 undauernde Versuch vun de kongolesesche Bescheef fir Inkuluratioun vun einheimeschen Elementen an Liturgie stoung hien dogéint oppen géigeniwwer a promulgéiert 1988 den Zairischen Messritus.

[änneren] Helleg- a Séilegspriechungen

De Jean Paul II, huet a senger Amtszäit 1338 Séileg- an 82 Hellegspriechunge gemaach. D'Zuel vun deene Léit déi all seng Virgänger an de leschte 400 Joer helleg gesprach hunn, ass iwwer den Daum, nëmmen hallef esou héich. Als eng vun deene wéinege bestuete Fraen, huet hien déi italienesch Kannerdoktesch Gianna Beretta Molla helleg gesprach, si huet als Virbild vun den Ofdreiwungsgéigner gegollt. Och d'Séileg- an Hellegspriechung vun dem ëmstriddenen Opus-Dei-Grënner Josemaria Escrivá huet och bannent der Kierch fir staark Kritik gesuergt. Wéi säit dem Poopst Paul VI. üblech, huet de Jean-Paul II. och dem Séilegspriechung viergestaan, säin Nofolger de Benedikt XVI huet dës Aufgab dem Prefekt vun der Kongregatioun fir Séileg- an Hellegspriechung iwwerlooss.

[änneren] Bëschoofsernennung

Emstridde Beschofsernennungen duerch de Jean Paul II, hunn ëmmer erëm zu Konflikter gefouert. Do wieren dann zum Beispiel d'Ernennung vum Wolfgang Haas zu Chur a spéider am Liechtenstein, d'Ernennung vum Kurt Krenn zu St. Pölten an déi vum Hans Hermann Gröer, den 1995 wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner zréckgetratt ass. Wéi 1988 géint de Widderstand vum Domkapitel, de Joachim Meisner als neien Erzbeschof vu Köln geweiht gouf, hunn 160 kathoulesch Héischschoullehrer ëffentlech géint de „réimeschen Zentralismus“ protestéiert.

[änneren] Fraen

Och ënner dem Jean Paul II. gouf d'Reegelung behalen, a Fraen duerfte weder Bëschof nach Paschtouer oder Diakon ginn. Kritiker gesinn den Auschloss vun de Fraen a Weiämter net duerch Bibel gerechtfäerdegt a fuederen och an der Kierch Gläichberechtegung vu Mann a Fra. D'Kierch berifft sech awer op gesamt Traditioun a fënnt datt dës Traditioun net einfach kann ofgebrach ginn.

De Poopst huet d'Ausso vun der Kierch bekräftegt an huet am Dokument „Ordinatio Sacerdotalis“ erklärt: „ Datt also all Zweifel bezüglech der bedeitender Ugeleeënheet, déi gëttlech Verfassung vun der Kierch selwer betrëfft, bestätegt ass, erklären ech heimat Kraaft menges Amts, d'Bridder ze stäerken, (vgl. Lk 22,32) datt d'Kierch keng Vollmacht huet de Fraen d'Priesterwei ze spenden, an datt all Gleeweg vun der Kierch sech entgülteg un dës Entscheedung ze halen hunn.“ An dëser hefteger Ausso ass och kloer e Verbuet vun der Diskussioun vum Thema vun Theologen erkannt ginn.

Vun dësem Verbuet net betraff, ass Diskussioun zur Wei vun der Fra zur Diakonnin. Dofir gëtt d'Fro, ob och automatesch ni eng Fra Diakon dierf geweit ginn, oder ob dat jeemols wäert de Fall sinn, weider diskutéiert. Wéint der virherrschender Theologie an dem dräistufege Weisakrament, ass awer unzehuelen, datt et och een definitiven Auschloss vun der Fra aus dem Diakonenamt ass.

[änneren] Weltpolitik

[änneren] Ëmschwonk a Polen

Dem Jean Paul II. gëtt groussen Afloss op d'Demokratiséierung vu Polen zougeschriwwen. Am staark kathoulesch geprägte Polen mat 90% réimesch kathoulescher Bevëlkerung (dovun ca. 70% déi praktizéieren) huet seng Meenung een héicht moralescht Gewiicht gehat. Sou huet hie mat sengem Afloss déi antikommunistesch Gewerkschaft Solidarność d'Oppositioun gestärkt.

De Lech Walesa huet op de Feierlechkeete fir d'25-jähregt Jubiläum vun der Solidarność gesot, dem Jean Paul II. seng Opfuerderung, all Angscht ze vergiessen, hätt Land waakreg gemaach.

Eng wichteg Bedeitung hat och de Polenbesuch vum Poopst. Hien ass 1979 a Polen gewiescht an ee Véirel vun der Bevëlkerung huet de Poopst deemols gesinn. Et war bal eppes wéi eng politesch Kundgebung. Bei der zweeter Rees 1983 (Krichsrecht huet bestan), huet de Poopst de Lech Walesa, de Chef vun der verbuedener Gewerkschaft, getraff an d'Staatsspëtzt dozou opgeruff, d'Sozialreforme séier ëmzesetzen. Béi sengem drëtte Besuch 1987 huet hien dem Lech Walesa a senger Famil d'Kommioun ginn. Vum Staats- a Parteichef, dem Wojciech Jaruzelski, huet hie bei sengem Besuch d'Anhale vun de Mënscherechter gefuerdert an de Verbuet vun der Solidarnosc kritiséiert.

Iwwert dem Jean Paul II. seng Beziehungen solle CIA-Gelder iwwert de Vatikan u Solidarnosc gefloss sin.

D'Stad Berlin huet dem Poopst als Merci fir säi Bäitrag fir de Fall vum Eisene Rideau ee Stéck vun der Berliner Mauer geschenkt. Dëst Stéck Mauer ass haut an de Vatikanesche Gäert ausgestallt. De Michael Gorbatschow huet an senge Memoire geschriwwen, déi Saachen déi an Osteuropa geschitt si wieren ouni de Jean Paul II. net méiglech gewiescht.

[änneren] Mettel- a Südamerika

Fir Kritik huet de Poopstbesuch a Chile gesuergt, do war de Jean Paul II. mam Generol Augusto Pinochet zësumme komm, dee fir zingdausende vu Mënscherechtsverletzungen a sengem Land verantwortlech war.

De Poopst hat deemols wéineg Verständness fir d'Uleiesse vun der Mëttel- a Südamerikanescher Befreiungstheologie. Ee vun de Vertrieder, den Oscar Romero, ass enttäuscht vun senger Audienz erëm komm, an huet kommentéiert: „De Poopst versteet mech net“. Hien huet dës Befreiungstheologie net nëmme wéinst senger Erfahrung aus dem kommunistesche Polen ofgelehnt, mee och theologesch Bedenke géint déi op „Diesseits“ reduzéiert Form vu Befreiung, besonnesch géint gewaltsam Duerchsetze vun de Klassekämpf geäussert.

Am Grenzkonflikt tëschent Chile an Argentinien um Beagle-Kanal 1978 huet de Jean Paul II. mat Erfolleg vermëttelt.

[änneren] Engagement géint Krich

De Jean Paul II. huet sech ëmmer géint de Krich agesat, an huet dobäi ee grousst Engagement gewisen. Am Joer 1999 huet hie sech géint de Kosovo-Krich ausgeschwat. Géint den drëtte Golfkrich huet hie sech och ausgeschwat, an huet seng Oflehnung hefteg geäussert, sou huet hie beispillsweis d'Irak-Politik vun den USA bei der Audienz vum George W. Bush am Juni 2004 kritiséiert.

[änneren] Wierker

[änneren] Enzykliken

  • 1979: Redemptor hominis – am Ufank vum Peepstlechen Amt.
  • 1980: Dives in misericordia – Iwwert gëttlech Arbarmung.
  • 1981: Laborem exercens – iwwert déi menschlech Aarbecht, zum 90ten Joresdag vun der Rerum Novarum
  • 1985: Slavorum Apostoli – zur erennerung un Wierk vun der Evangaliséierung vum hellegen Cyrill an Methodius virun 1100 Joer
  • 1986: Dominum et Vivificantem – Iwwert den hellegen Geescht, am Liewen, der Kierch an der Welt.
  • 1987: Redemptoris Mater – Iwwert séileg Jongfra Maria, an Kierch déi pilgert.
  • 1987: Sollicitudo rei socialis – Zwanzesch Joer no der Enzyklika Populorum Progressio (Paul VI.)
  • 1990: Redemptoris Missio – iwwert déi fortdauernt Wichtegkeet vum Missionareschen Wierk.
  • 1991: Centesimus annus – fir den honnersten Joresdag vum Rerum Novarum
  • 1993: Veritatis Splendor – iwwert déi puer Grondlegend Froen iwwert Kierchlech Moralléier.
  • 1995: Evangelium Vitae – iwwert den West vun der ontaschtbarkeet vum menschleche Lierwen.
  • 1995: Ut unum sint – iwwert den Asatz fir Ökumen
  • 1998: Fides et Ratio - iwwert Verhältnes iwwert Vernonft an Hierkonft.
  • 2003: Ecclesia de eucharistia – iwwert Eucharistie an hiert Verhältnes zur Kierch

[änneren] Aner Schrëften a Musek

  • Liebe und Verantwortung, Über Sexualität, 1960, ISBN 3-466-20218-3
  • Römisches Triptychon. Meditationen, 2003, Vatikanischer Verlag (op italienesch), ISBN 8820974517
  • Sehnsucht nach Glück, 2003, Herder-Verlag, Freiburg
  • Auf, lasst uns gehen!, 2004, ISBN 3-898-97045-0
  • Versöhnung zwischen den Welten, Im Gespräch mit den Religionen, 2004, ISBN 3-87996-590-0
  • Erinnerung und Identität - Gespräche an der Schwelle zwischen den Jahrtausenden, 2005, ISBN 3-89897-170-8
  • D'Musekalbum Abbà Pater

[änneren] Literatur zum Thema

  • Weigel, George, Zeuge der Hoffnung. Johannes Paul II., Eine Biographie, Paderborn, München, Wien, Zürich 2002 ISBN 3-506-79723-9 (die wohl umfangreichste und am gründlichsten recherchierte Biographie über den Papst)
  • Englisch, Andreas, Johannes Paul II., das Geheimnis des Karol Wojtyla, Berlin 2004 ISBN 3-548-36710-0

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Virgänger Icon Vatikan.png Nofolger
Jean-Paul I. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Benedikt XVI.

Perséinlech Tools