Jean-Paul Marat

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Jean-Paul Marat

De Jean-Paul Marat, gebuer de 24. Mee 1743 zu Boudry an der Schwäiz, a gestuerwen den 13. Juli 1793 zu Paräis, war e franséischen Dokter a Revolutionär.

No sengem Medezinstudium war de Jean-Paul Marat als Professer an als Fuerscher zu Paräis an zu London beschäftegt. 1777 gouf hien Dokter vum Grof vun Artois, dem spéidere Kinnek Charles X. vu Frankräich.

Beim Ausbroch vun der Franséischer Revolutioun huet hie sech un d'Spëtzt vun där Bewegung gestallt an hien huet den Haass vun de Massen duerch seng Rieden a Schrëfte gestëppelt. A senger Zeitung L'ami du peuple (1789-92) huet hie mat belaaschtenden Aussoen d'Nimm vu sougenante Feinde vum Vollek publizéiert.

No der Ofschafung vun der Monarchie konnt de Jean-Paul Marat seng Agitatioun nach verstärken. Hien huet sech dunn de Jakobiner ugeschloss a war 1792 ee vun den Haaptresponsabele vun de Septembermassakeren. Nieft dem Georges Jacques Danton an dem Maximilien de Robespierre war hien ee vun den Deputéierte vun de Montagnards an der Convention nationale. Am Fréijoer 1793 huet hien eng Vernichtungskampagne géint d'Mëttelschichtspartei vun de Girondins ageleet. Als Revanche huet déi 25jäereg Charlotte de Corday hien erstach, wéi hien an der Buedbidden eng Ried preparéiert huet. Fir hir Dot gouf d'Charlotte de Corday e puer Deeg duerno guillotinéiert.

Commons: Jean-Paul Marat – Biller, Videoen oder Audiodateien