Jean-Philippe de Chéseaux

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Jean-Phillippe Loys de Chéseaux

De Jean-Philippe Loys de Chéseaux, gebuer de 4. Mee 1718 zu Lausanne a gestuerwen den 30. November 1751 zu Paräis war e Schwäizer Astronom.

Bekannt gouf de Chéseaux duerch seng Entdeckung vum Grousse Koméit vu 1744, den 13. Dezember 1743. Well him awer den Dirk Klinkenberg ëm e puer Deeg zevirkomm war (de 9. Dezember 1743), gouf de Koméit du Koméit Klinkenberg genannt.

Am Joer 1746 huet hien eng Lëscht vun 21 Niwwele verfaasst, déi hien op d'Académie des sciences zu Paräis geschéckt huet, wou si zwar virgelies, awer net publizéiert goufen. De Guillaume Le Gentil notéiert dat fir sech privat am Joer 1759. Eréischt 1892 gouf d´Lëscht vum Guillaume Bigourdan publizéiert.

Onofhängeg vum Heinrich Wilhelm Olbers gouf schonns vum Chéseaux de Paradoxon vum Olbers beschriwwen, eng Erklärung, firwat den Himmel nuets donkel ass.

Entdeckte Stärekéip
Messiernummer Entdeckungsjoer
M71 1745 oder1746
M25 1745
M4 1746
M16 1746
M17 1746
M35 1746

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen