Jean-Pierre Adam

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps package graphics.png Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Jean-Pierre Adam, Foto François Besch

De Jean-Pierre Adam (Adams Menn), gebuer de 5. August 1941 zu Diddeleng[1] ass e Lëtzebuerger Moler, Graveur a Sculpteur.

De Jean-Pierre Adam huet als Schmelzaarbechter ugefaang ze schaffen. Duerno huet hien zu Zurich an op der École nationale d'art décoratif zu Aubusson studéiert.

1974 huet hien d'Académie d'été zu Lëtzebuerg gegrënnt.

1989 huet hie sech mat senger Famill zu La Barben a Südfrankräich, bei Marseille, etabléiert. Eng 10 Joer duerno ass hien op Lëtzebuerg zréckkomm a schafft zanterhier a sengem Atelier zu Diddeleng am Agank vum Quartier Italien.[2]

Inhaltsverzeechnes

Wierker (Auswiel) [änneren]

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen an Notten [änneren]

  1. H. Lambert, 1992. Anthologie des arts au Luxembourg.
  2. Tageblatt vum 5. August 2011