Jean-Pierre Beckius

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps package graphics.png Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Pierre Beckius, gebuer de 4. August 1899 zu Mäertert, a gestuerwen den 11. Dezember 1946 och do, war e lëtzebuergesche Moler.

De Jean-Pierre Beckius stoung den Impressionisten no, déi e vun 1919 bis 1926 zu Paräis studéiert huet. Hien huet och laang Reesen an Italien (Neapel a Roum, 1928-1930) an an Holland (1933-1934) gemaach. Hie war ee vun deene Moler, déi an hire Biller eng grouss Léift fir hiert Land zum Ausdrock bruecht hunn. Vu senge Sujeten hier gëtt hien allgemeng als Moler vun der Musel bezeechent.

De Jean-Pierre Beckius ass de Papp vun der Molerin Triny Beckius.

Inhaltsverzeechnes

Wierker [änneren]

Während senger Studentenzäit op der "Ecole nationale supérieure des Beaux-Arts" zu Paräis war de Jean-Pierre Beckius am Joer 1924 beim Biisser Paschtouer Jean-Pierre Molitor op Besuch. Just zu där Zäit gouf d'Parkierch vu Biissen faarweg ausgemoolt. De Jean-Pierre Beckius huet d'Geleeënheet ausgenotzt, fir véier Zeenen aus dem Neien Testament (d'Abendmahl, d'Doudenerweckung vum Jünger vu Naim, Jesus de Kannerfrënd, d'Biergpriedegt) op d'Chouerwänn ze molen. Déi véier Freske si bis haut erhalen a stinn zënter 1987 ënner Denkmalschutz.

Literatur [änneren]

  • Madeleine Frieden, Gaston Mannes: Jean-Pierre Beckius, Publications Mosellanes, (1977)
  • Koltz, Jean Luc: "Jean-Pierre Beckius (1899-1946) et Nico Klopp (1894-1930): peintres de la Moselle luxembourgeoise." In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 23 (2002), N° 2, p. 243-247, ill.
  • Nathalie Becker : Hommage à Jean-Pierre Beckius, in: LW 31-10-2006
  • Guy Thurmes: "Jean-Pierre Beckius - Der Maler der Mosel", in Télécran 44/2006, p. 166-167, ill.

Unerkennung [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]