Jean-Pierre Fiedler (Buchbënner)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Biuchbënner Jean-Pierre Fiedler. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Fiedler.
Jean-Pierre Fiedler
Gebuer 1943
Gestuerwen 1998
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Buchbënner

De Jean-Pierre Fiedler, gebuer 1943 a gestuerwen 1998, war e lëtzebuergesche Buchbënner.

1965 gouf de Jean-Pierre Fiedler mam Opbau vum 'Service Reliure' vun der Stad Lëtzebuerg chargéiert.

De Jean-Pierre Fiedler huet mat Coursen am 'Centro del bel Libro' zu Ascona (Tessin) säin handwierklecht Kënnen als Buchbënnermeeschter perfektionéiert. Hien huet sou och d'Realisatioun vum 'Livre d'Or' vun der Stad Lëtzebuerg am Ufank vun de 70er Joren iwwerholl.

Vun 1980 bis 1990 huet hien de Musée J.-P. Pescatore an der Villa Vauban verwalt.

1983 gouf de Jean-Pierre Fiedeler mat der Leedung vun der nei geschaafter Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg beoptragt.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]