Jean-Pierre Grégoire

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Grégoire
Gebuer 16. Februar 1936
Stroossen
Aktivitéit Historiker

De Jean-Pierre Grégoire, gebuer de 16. Februar 1936 zu Stroossen, ass ee lëtzebuergesche Wëssenschaftler, Spezialist vun der Käilschrëft a vun der sumerescher Kultur, an en Historiker.

Säi Liewen a säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Grégoire, Jong vum fréiere Minister a Chamberspresident Pierre Grégoire, huet ouni grouss Begeeschterung e puer Joer am Stater Kolléisch verbruecht, do awer, am Professer Biermann senge spannende Geschichtscoursen, de Virus fir d'Antiquitéit a fir déi al Kulturen opgeraf. Hien huet sech dunn awer zu Paräis an der Académie de peinture de la Grande Chaumière ugemellt an huet niewelaanscht Geschicht studéiert.

Säi Goût fir d'Molen huet hien dozou bruecht, sech fir déi egyptesch Schrëftzeechen (Hieroglyphen) z'intresséieren. Sou gouf hie Schüler vum Chanoine Étienne Drioton, Generaldirekter vum Service vun den egypteschen Antiquitéiten, an huet sech an de Studium vun der egyptescher Epigraphik a vun den Hieroglyphen aweie gelooss. Well awer déi egyptesch Texter inhaltlech repetitiv an zimmlech langweileg waren, huet de Jean-Pierre Grégoire decidéiert, sech mat aneren ale Schrëftzeechen ofzeginn, an zwar mat der Käilschrëft aus dem mesopotamesche Raum.

Hien huet sech deemno an d'École du Louvre gemellt, wou hien dunn de grousse Spezialist André Parrot, Chefconservateur vum Musée du Louvre, als Meeschter krut. Donieft huet de Jean-Pierre Grégoire sech an der École pratique des hautes études ageschriwwen, wou d'Fachleit vun der Sektioun 4 d'Entzifferen an d'Interpretéiere vun de Käilschrëftzeechen dozéiert hunn.

Am mesopotamesche Raum hu sech am Laf vun der Zäit verschidden Zivilisatiounen ofgeléist, soudatt et do ënnerschiddlech Sproochen a Schrëfte gouf. De Jean-Pierre Grégoire huet sech fir de Studium vun der sumerescher Kultur am 3. Joerdausend viru Christus entscheet, mat besonneschem Intressi fir d'Stad Ebla. No enger Thees, déi hien an der École pratique des hautes études verdeedegt huet, ass hien op Heidelberg bei de Professer Falkenstein weiderstudéiere gaangen. Hien hat och d'Geleënheet, ee Fuerschungsjoer am Noen Osten, bei de Spezialiste vun der École de Jérusalem, ze verbréngen.

Zeréck zu Paräis gouf de Jean-Pierre Grégoire Chercheur am CNRS (Centre national de la recherche scientifique), wou hien du bis zur Pensioun geschafft huet. Hien huet ë. a. de ganze Stock vu ronn 1400 Texttablette vun der Bodleyan Library vum Ashmolean Museum iwwersat a publizéiert. Hien huet och am British Museum, op der Universitéit vun Oxford an zu Berlin gefuerscht. Do war hie wärend zwanzeg Joer "Gastdozent" op der Fräier Universitéit vu Berlin. Mä och zu Lyon huet de Grégoire jorelaang Coursen op der Universitéit ginn. Hien huet awer d'Zäit fonnt, fir den éischte sumereschen Dictionnaire erauszeginn. Wat seng méi theoreetesch Recherchen ubelaangt, do huet hie sech vill mam Alldagsliewe vun de Sumerer ofginn, besonnesch mat Problemer vun der Agrarwirtschaft.

Haut lieft de pensionéierten, mä ëmmer nach aktive Jean-Pierre Grégoire am Pays de Couches an der Bourgogne.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Raymond Schaack, Bref portrait d'un savant luxembourgeois méconnu - Déchiffrer l'écriture et la civilisation sumériennes - Jean-Pierre Grégoire fête ses soixante-dix ans ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 6 / 2141, Kulturbäilag vum Luxemburger Wort vum 16. Februar 2006; S. 6 (mat enger Foto vum J.-P. Grégoire).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Pierre Grégoire – Biller, Videoen oder Audiodateien