Jean-Pierre Koepp

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Koepp
Gebuer 26. Abrëll 1934
Holztem
Gestuerwen 3. August 2010
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Partei ADR

De Jean-Pierre Koepp, genannt Koeppe Jemp, gebuer de 26. Abrëll 1934 zu Holztem, a gestuerwen den 3. August 2010 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann an ADR-Politiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch seng fréi Erfarung um Bauerenhaff, konnt hie sech spéider am Éislek als Véihändler en Numm maachen. Hien hat ausserdeem e Café an eng Brasserie an der Houschter Déckt.

Als ee vun de Grënner vun der ADR, déi sech ufanks nach „Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen“ genannt huet, konnt hie vun 1989 bis 2009 als Deputéierte fir den Norden an der Chamber sëtzen. Bei de Wale vum 7. Juni 2009 huet hien aus gesondheetleche Grënn op eng Kandidatur verzicht.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Engelen, J., 2010. Zum Gedenken an de Jemp Koepp. Luxemburger Wort 2010, Nr. 208 (7. September), S. 41.
  • (mil), 2010. Jean-Pierre dit Jemp Koepp est décédé à l'âge de 76 ans. Point24, 04.08.2010 (online).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  2. Compte rendu des séances publiques N° 13 – Session ordinaire 2004-2005 op der Websäit vun der Chamber
  3. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004