Jean-Pierre Lamboray

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Lamboray
Gebuer 6. Mäerz 1882
Hollerech
Gestuerwen 23. November 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zeechner, Moler
Veianen vum Jean-Pierre Lamboray

De Jean-Pierre Lamboray gebuer de 6. Mäerz 1882 zu Hollerech, a gestuerwen den 23. November 1962 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler.

No sengem Studium am Stater Kolléisch an an der Handwierkerschoul war hien op der Groβherzogliche Kunstgewerbeschule zu Karlsruhe. Well hien net direkt eng Plaz am Enseignement krut, huet hie vun 1907 bis 1917 zu Donkels bei der Douane geschafft, do wou säi Papp Inspekter war, a wou seng Famillje gewunnt huet. D'Éisleker Landschaften haten him et deemools ugedoen a spéider sollte si säin Haaptthema a sengen Tableaue ginn.

Vun 1917 u war hie Chargé de cours am Kolléisch, am Meedercheslycée an an der Handwierkerschoul, ier hien am Joer 1930, bis zu senger Pensioun 1947, offiziell Zeecheprofesser am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg gouf.

De Jean-Pierre Lamboray ass besonnesch bekannt duerch seng Biller iwwer d'Éislek.

Op den internationalen Ausstellunge vu Paräis (1937) a New-York (1939) ware senger Biller ze gesinn.

Hien ass de Papp vum Camille Lamboray.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Evy Friedrich: Die Gemeinde Winseler, Winseler, 1980 S. 147 bis 154
  • Hirsch, Joseph: Jean-Pierre Lamboray , 1986.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]