Jean-Pierre Michels

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Jean-Pierre Michels. Fir säi Jong, den Architekt a Kënschtler, kuckt wgl. Jemp Michels.
Jean-Pierre Michels
Gebuer 20. Dezember 1877
Schëffleng
Gestuerwen 7. Februar 1917
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftsmann
Famill
Kanner Jemp Michels
D'Graf vum J.-P. Michels um Escher Jousefskierfecht

De Jean-Pierre Michels, gebuer den 20. Dezember 1877 zu Schëffleng, gestuerwen de 7. Februar 1917 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.

Hie war ufanks Metzler an der Hiel, duerno Spirituosen- an Tubakshändler an der Other Strooss (haut: Boulevard J.F. Kennedy).[2] Hie war den éischte President vun der Fédération des artisans (1905-1906).

Vun 1912 bis zu sengem Doud, als Folleg vun enger Longenentzündung, war hie Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht.[3]

Bei de Chamberwale vum 9. Juni 1915 am Kanton Esch-Uelzecht krut de Jean-Pierre Michels 2546 Stëmmen[4], domat koum hien an d'Stéchwale vum 16. Juni 1915 am Kanton Esch wou hie mat 3663 als Deputéierten an d'Chamber gewielt gouf.[5] Hien ass bis zu sengem Doud Deputéierte bliwwen.[6]

Hie war mat der Anne Hélène Hamilius bestuet a war de Papp vum Architekt a Kënschtler Jemp Michels.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 298
  2. "Caves Michels Battin." Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette. Video - Serie: Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette, CD2H, Denis Scuto, 2020.
  3. Groussherzogleche Beschloss vum 3. August 1912 am Mémorial N° 60 vum 10. August 1912, S. 752-753
  4. Resultat der Kammerwahlen vom 9. Juni. am Luxemburger Wort vum 10. Juni 1915
  5. Stichwahlen vom 16. Juni. am Luxemburger Wort vum 17. Juni 1915
  6. Leichenfeierlichkeit des Herrn J.-P. MICHELS, Bürgermeister der Stadt Esch, Müglied der Deputiertenkammer. am Escher Tageblatt vum 10. Februar 1917