Jean-Pierre Pescatore

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Pescatore
Gebuer 11. Mäerz 1793
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. Dezember 1855
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier, Konschtsammler
Famill
Geschwëster Antoine Pescatore

De Jean-Pierre Pescatore, gebuer den 11. Mäerz 1793 an der Stad Lëtzebuerg als véiert Kand vun der Koppel Pescatore-Geschwind, a gestuerwen den 9. Dezember 1855 zu Paräis, war e lëtzebuergesch/franséische Geschäftsmann, Banquier, Konschtsammler a Mäzen.

Hie war véier Joer laang Fräiwëllegen am Napoleon senger Arméi. 1813 gouf en zum Maréchal des logis ernannt, am Juni 1814 ass en desertéiert.

Hie war, zesumme mat sengem Brudder Antoine, vun 1814 bis 1816 an dann nees vun 1822 bis 1844, Direkter vun enger Tubaksmanufaktur um Stater Fëschmaart, déi vun hirem Grousspapp Jules Joseph Antoine Pescatore gegrënnt gi war.

1816 huet e seng Stéifsëschter Gredel Beving bestuet a sech mat hir an der Stad Lëtzebuerg etabléiert. 1821 ass d'Gredel gestuerwen.

1817 huet de Pescatore vun der "Régie française" d'Autorisatioun kritt, a Frankräich Tubak z'importéieren. Nom Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an den Zollveräin (duerch deen d'lëtzebuergesch Tubaksmanufaktur staarker Konkurrenz ausgesat gouf) huet hie sech zu Paräis etabléiert, fir sech ganz op de franséische Maart kënnen ze konzentréieren. Den 3. September 1846 gouf hie Fransous duerch Naturalisatioun.

1837 huet hien d'Anne-Cathérine Weber kennegeléiert, mat där en zesummegewunnt huet, an déi en 1851 kierchlech (awer net zivil) bestuet huet, fir dës Relatioun gesellschaftlech akzeptabel ze maachen. Wéinst dëser Onkloerheet gouf et no sengem Doud Sträit wéinst der Ierfschaft.

De 27. Dezember 1844 huet hie mam Frédéric Adolphe Grieninger d'Bank J.P. Pescatore gegrënnt.

Den 11. August 1844 huet hien d'Schlass vu La Celle Saint-Cloud vum Vicomte de Morel-Vindé sengen Ierwen ofkaaft. Hien huet sech do exotesch Beem uplanzen an eng Orangerie an dräi Zäre baue gelooss, fir doran eng wäit bekannt Orchideeësammlung ënnerzebréngen, déi e mat Hëllef vum Jean Linden zesummegestallt huet. Deen huet eng Publikatioun mat Orchideeën aus senger Sammlung, an och, fir de Pescatore als "Sponsor" ze wierdegen, Pescatorea genannt. D'Keeserin Eugénie, an hire Mann, den Napoleon III., waren d'Sammlung zweemol kucken.

1849 huet en och e Wäigutt am Médoc, zu Giscours, kaaft.

1852 gouf de Jean-Pierre Pescatore Buergermeeschter vu La Celle Saint-Cloud.

1853 huet en der Stad Lëtzebuerg eng hallef Millioun Frang vermaach, fir domat en Altersheem ze bauen, déi spéider Fondation Pescatore, déi 1892 ageweit gouf. Och seng Konschtsammlung krut d'Stad Lëtzebuerg, déi se am Musée Jean-Pierre Pescatore, am Stadhaus um éischte Stack, ausgestallt huet. 1953 koum se an d'Villa Vauban.

Fir un hien z'erënnere gouf an der Stad eng Strooss no him genannt: d'avenue Jean-Pierre Pescatore geet als Sakgaass vum boulevard Royal aus fort, bis un d'Grenz vum Park vun der Fondation Pescatore.

De Jean-Pierre Pescatore war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[1]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Jeck, 2016. Un Luxembourgeois au pays des 1.001 orchidées. Au milieu du XIXe siècle, Jean-Pierre Pescatore possède la plus grande collection privée d'orchidées en Europe. Die Warte 14|207 vum 28. Abrëll 2016, S. 5-7.
  • Linda Eischen, 2006. Jean-Pierre Pescatore (1793 - 1855): un collectionneur d'art lucide. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 27 (2006), N° 1, p. 89-100, ill.
  • Antoine Wehenkel. Chronique de la famille Pescatore - Une histoire généalogique et culturelle, Ses liens avec les familles Beving, Boch, Dutreux, de Gargan, de Scherff. Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique asbl. (éd.), 336 S., ISBN 2-919919-15-9.
  • Théodore Pescatore. 2005. Jean-Pierre Pescatore et ses amis en 1840 à Paris. Galerie: revue culturelle et pédagogique 23 (2005), n° 1. Differdange, p. 41-48, ill.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  2. (fr)Recherche - Base de données Léonore. www.leonore.archives-nationales.culture.gouv.fr. Gekuckt de(n) 2023-06-23.