Jean-Pierre Ries

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre Ries
Gebuer Abrëll 1900
Simmer
Gestuerwen 4. Dezember 1959
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

De Jean-Pierre Ries, gebuer am Abrëll 1900 zu Simmer a gestuerwen de 4. Dezember 1959 zu Diddeleng, war e lëtzebuergesche Paschtouer, dee 17 Joer laang (1937 - 1955) am Pafendall gewierkt huet. Bekannt ass hien, well en am Zweete Weltkrich an der Pafendaller Kierch sechs Zwangsrekrutéierter verstoppt hat.

Hie kënnt am Abrëll 1900 als aacht Kand vum Jean-Pierre Ries a senger Fra Victorine Theisen zu Simmer op d'Welt. Als Kaploun war hie vun 1927 bis 1934 zu Ettelbréck.

1959 huet de Jean-Pierre Ries virum hellege Rack zu Tréier eng Mass zelebréiert. Am selwechte Joer stierft hien de 4. Dezember zu Diddeleng, wou en 1955, no senger Zäit an der Stad hi versat ginn war.