Jean-Pierre Schmit (Moler)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Jean-Pierre Schmit. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Schmit.
Jean-Pierre Schmit
Gebuer 1. Mee 1817
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Mäerz 1903
Saint-Gilles
Aktivitéit Moler
Buerg Veianen. Gravur vum Jean-Pierre Schmit an Nicolas Liez

De Jean-Pierre Schmit, gebuer den 1. Mee 1817 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 15. Mäerz 1903 zu Saint-Gilles (Bréissel),[1][2] war Professer fir Zeechnen, Geometrie, Topographie an Architektur op der Universitéit vu Léck.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Stater Kolléisch goung de Jean-Pierre Schmit op Léck studéieren. 1836 krut hien eng Nominatioun als Répétiteur a Maître de dessin op den Écoles spéciales vun der Universitéit vu Léck. Vun 1836 bis 1866 war hie Chargé de cours fir deskriptiv Geometrie. Vun 1840 bis 1862 gouf hien och Coursen an der Topographie. 1840 gouf hie mam Cours fir Zivilarchitektur chargéiert, aus deem 1847 e Cours fir Industriearchitektur ginn ass. De Schmit huet sech och mat Froe vun der ëffentlecher Hygiène beschäftegt an hi war Member vun der "Commission de salubrité publique" vun der Provënz Léck.[2]

Aus lëtzebuergescher Siicht ass interessant, datt de J.-P. Schmit 1889 eng touristesch Kaart vun der "Petite Suisse luxembourgeoise" erausginn huet, eent vun den éischten Dokumenter, wou deen Numm fir déi Géigend gebraucht ginn ass, ier e sech an den 1890er Jore generaliséiert huet. Dës Kaart huet op der Weltausstellung vun 1889 zu Paräis eng "mention d'honneur" kritt.[3]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Eng detailléiert Bibliographie ass beim Martin Blum ze fannen.[4]

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

  • Extrait d'un mémoire sur l'architecture en Italie, depuis la décadence de l'art romain jusqu'à nos jours. Liège. 1845. - 28 p.

Geometrie[änneren | Quelltext änneren]

  • Atlas d'épures de géométrie descriptive et des applications de cette science. Liège. 1850-1860. - 54 pl. in fol. gravées par Schmit.
  • Cours de géométrie descriptive professé à l'Université de Liège. - 1er volume. Point. Droite. Plan. Liège. 1864-1874. - VIII+2+307 p. In 8", plus les errata et atlas de XXI pl. In 4".
  • Résumé du programme détaillé du cours de géométrie descriptive fait à l'Université de Liège en 1868-1869. Liège, 1869. - 225 p. autographiées.

Hygiène[änneren | Quelltext änneren]

  • Des moyens de recueillir et d'utiliser les engrais qui se perdent dans les grands centres de population, au détriment de la salubrité publique et de l'agriculture: Rapport fait à la suite d'une circulaire adressée à MM. les Gouverneurs des Provinces, sous la date du 8 avril 1848, par M. Ch. Rogier, Ministre de l'Interieur. Liège: Librairie scientifique de P. Gouchon, 1850. - 257 + 1 p. avec II pl.
  • Rapport sur l'exploitation des engrais de ville à Anvers, adressée à M. le ministre de l'Interieur. Bruxelles. 1851. - 38 p.
  • Commission instituée par arrêté de M. le ministre de la Justice du 4 avril 1851 pour étudier la réforme du système de latrines des prisons de l'Etat. Rapport fait à M. le ministre de la Justice sur les moyens de récolter, dans les conditions de salubrité nécessaires, les engrais de la maison de réclusion de Vilvorde. Bruxelles. - 8 p. avec 1 pl.
  • Rapport adressé à Monsieur le ministre de l'intérieur sur la récolte des engrais de ville en Belgique. Pièces imprimées par ordre de la Chambre des représentants, Bruxelles, Année 1853-1854, N° 121, p. 49-93.
  • Direction de la régie du nettoiement public à Liège. Réplique au rapport de M. Calmeau sur la régie. Bruxelles. 1858. - 9 p.

Touristesch Kaart[änneren | Quelltext änneren]

  • Petite Suisse Luxembourgeoise. Carte de la Sûre inférieure. Lith. Impr. Les Arts Graphiques Bruxelles. 1889. Format: 750 × 420 mm.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Liez, Nicolas, 1933. Voyage pittoresque dans le Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Linden & Hansen. 50 f. ; 30 × 42 cm. [Reprod. photomécanique de l'éd. de: Luxembourg, 1834. Collab.: Frantz Clément, Jean-Pierre Schmit, Jean-Baptiste Fresez ; préf. Marcel Noppeney]
  • Liez, Nicolas, 1968. Voyage pittoresque à travers le Grand-Duché de Luxembourg. [éd.: Edouard Kutter jr., préf. par Pierre Grégoire] imprimé aux Pays-Bas. 1 vol. (non paginé). [Reprod. photomécanique de l'Édition originale de N. Reuter & Cie. ; V. Hoffmann, 1834, Luxembourg]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Pierre Schmit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, S. 81.
  2. 2,0 2,1 Dehalu, G. Les Hommes de Sciences liégeois et l'Émulation. Historique de la Société libre d'Émulation, Liège (Belgique). [1]
  3. Massard, J.A., 2011. La Petite Suisse Luxembourgeoise, histoire et histoire naturelle d'une région exceptionnelle. Conférence organisée par la Ville d'Echternach en collaboration avec les Amitiés françaises Echternach qui a eu lieu à Echternach, le 17 juin 2011, à 20 heures, dans la salle des fêtes de l'école fondamentale (école primaire). Diaporama (PowerPoint). [2] Notes et commentaires. [3]).
  4. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 409.
  5. Eng verklengert monochrom Reproduktioun vun der Kaart ass an dem Buch Die Stadt Echternach: die kleine Luxemburger Schweiz, dat den Émile Borschette 1997 erausginn huet, ze fannen (S. 288/289).