Jean Back
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Back, gebuer de 5. Dezember 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuegesche Fotograf a Schrëftsteller.
De Jean Back ass zënter 1989 Direkter vum CNA.
Säin éischte Roman Wollekestol ass 2003 bei Ultimomondo publizéiert ginn. E verzielt en Deel Geschicht vum Auteur a senger Famill an der Forge du Sud an de fofzeger Joren. "Wollekestol ass e Bléck duerch e bakelitts Viewmaster op eng aussergewéinlech Zäit zu Lëtzebuerg." (CNL).
Fir säi Roman Amateur gouf hien 2010, zesumme mat 10 anere Laureaten aus verschiddenen europäesche Länner, op der Frankfurter Bicherfoire mam European Union Prize for Litarature ausgezeechent.[1]
Inhaltsverzeechnes |
Bibliographie [änneren]
- Wollekestol, Editions Ultimomondo, 2003, ISBN 2-919933-13-2
- Mon amour schwein, Editions Ultimomondo, 2007, ISBN 978-2-919933-34-1
- Amateur, Editions Ultimomondo, 2009, ISBN 978-2-919933-54-9
- Wéi Dag an Nuecht, Erzielungen, Editions Ultimomondo, 2012, ISBN 978-2-919933-77-8
Literatur [änneren]
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Editions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, S. 21 - S. 28
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ "L’auteur Jean Back lauréat luxembourgeois du Prix européen de la littérature". luxembourg.public.lu, 06-10-2010.