Jean Bernard Léon Foucault
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Bernard Léon Foucault, gebuer den 18. September 1819 zu Paräis an do gestuerwen den 11. Februar 1868, war e franséische Physiker an Astronom.
Hien ass virun allem bekannt fir seng Experimenter, déi d'Äerdrotatioun ronderëm hir Achs beweisen (Pendel vum Foucault), an dofir, d'Liichtvitesse festgestallt an de Gyroskop erfonnt zu hunn.
