Jean Bertels

Vu Wikipedia
Jean Bertels
Gebuer 1544
Léiwen
Gestuerwen 19. Juni 1607
Iechternach
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Schrëftsteller, Historiker

De Jean oder Johannes Bertels - Ioannes Bertelius Grundius an der latiniséierter Form - gebuer den 12. Oktober 1544 zu Léiwen, am deemolegen Herzogtum Brabant, a gestuerwen de 16. Juni 1607 zu Iechternach, war e Benediktinerpater, deen Abt vun der Abtei Neimënster an du vun der Abtei Iechternach war. Hie war och e Chronist a gëllt als deen éischte "Lëtzebuerger" Historiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 16 Joer huet de Jean Bertels de Benediktiner Péiter Coelen kennegeléiert, dee sech och, no der Stad, wou en hierkënnt, Lysius nennt. Dësen huet e mat an d'Stad Lëtzebuerg geholl, wou en domat chargéiert war, d'Neimënsterabtei nees nei z'aktivéieren, déi zanter dem Krich vun 1543/44 zimmlech schlecht dru war. De jonke Bertels, dee 1562 an de Benediktineruerden agetrueden ass, gouf 1566 Cellerarius, d. h. Chef-Comptabel vum Klouschter. An dëser Funktioun huet en Inventaire mat Lëschte vun de Gidder a vum Akommes vum Klouschter gemaach. Well hie gär gemoolt huet, huet en op dëse Lëschten dacks Zeechnunge vun deenen eenzelenen Uertschafte gemaach. Hien ass Cellerarius bliwwen, wéi hien 1574 Abt vum Klouschter ginn ass.

De Jean Bertels war Noper a Frënd vum Péiter Ernest vu Mansfeld, dem Gouverneur vum Herzogtum vu Lëtzebuerg, an huet sech fir d'Geschicht vum Land intresséiert. Seng Historia Luxemburgensis, déi 1595 beim Drécker Conradus Budgenius erauskoum, ass déi éischt historesch Publikatioun iwwer Lëtzebuerg. Virdrun, 1581 hat hien do scho säin éischt Buch, en Dialog iwwer d'Reegel vum Hellege Benoît, drécke gelooss.

Am selwechte Joer gëtt de Jean Bertels vum Spuenesche Kinnek Philipp II. domat beopdraagt, sech ëm d'Abtei Iechternach ze këmmeren. Hie gëtt och do Abbé an Cellerarius. Am Mee 1596 gëtt en do vun hollännesche Flibustieren op Nijmegen entfouert an eréischt am September, nodeem e Léisegeld vu 4.000 Gulde bezuelt gouf, fräigelooss. Duerno huet e sech sou mann wéi méiglech zu Iechternach opgehalen, aus Angscht virun engem weideren Iwwerfall.

1606 huet de Bertels e Buch iwwer heednesch Gëtter publizéiert. Hien ass 1607 zu Iechternach verscheet.

A senger Sitzung vum 21. September 2015 huet den Iechternacher Gemengerot siwe Stroossen an der Industriezon no Äbt vun der Abtei Iechternach genannt, dorënner och eng "Rue Johann Bertels".[1] An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng "Rue Jean Bertels".[2]

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Dialogi XXVII in regulam Sancti Benedicti, 1581.
  • Historia Luxemburgensis Seu Commentarius, Quo Ducum Luxemburgensium Ortus, Progressus, Ac Res Gestae Continuata Serie Ab Ipso Primario Initiatore, Usque Ad Praesentem Illustris. Archiducem Albertum accurate describuntur: Simul Et Totius Provinciae Luxemburgensis Ducatus, Marchionatus, Baronatus, caeteraque Dominia succincte perstringuntur. Coloniae: Conr. Butgenius, 1595.[3]
  • Historia Luxemburgensis…. Coloniae: Conr. Butgenius, 1605. (2. Editioun)
  • Historia Luxemburgensis…. Coloniae: Conr. Butgenius, 1638. (3. Editioun) [1]
  • Historia Luxemburgensis: seu commentarius quo ducum luxemburgensium ortus, progressus ac res gestae continuata serie ab ipso primario initiatore, usque ad praesentem illustrissimum archiducem Albertum, accurate describuntur, simul et totius provinciae Luxemburgensis ducatus, marchionatus, baronatus, caeteraque dominia succincte perstringuntur / omnia summo studio atque admiranda iucunditate a Joanne Bertelio. Editio recognita et summario vitae auctoris adaucta a J.P. Brimmeyr et Math. Michel. Luxemburgi 1856, V. Bück, XXII, 378, XVIII S. [Text vun der 2. Editioun, 1605, verbessert] [2]
  • Deorum Sacrificiorumque Gentilium Cum Ad Vitandos Ethnicae Superstitutionis Ritus Et Ceremonias: tum ad sacros profanosque scriptores probe intelligendos delucida, & succincta descriptio. Coloniae: Conr. Butgenius, 1606. [3]

Bekannt sinn och déi Zeechnungen a Skizzen zu e puer Dosen Uertschaften, déi en ëm 1600 a sengem Regëster vum Besëtz vun der Abtei Iechternach gemaach huet.

Dem Bertels säi Wopen um Sockel vun der Statu op der aler Sauerbréck

.

D'Statu vum Bertels op der Sauerbréck[änneren | Quelltext änneren]

Op der aler Sauerbréck, déi Iechternach mat Iechternacherbréck verbënnt, steet eng Statu vum Bertels, déi op eng mouvementéiert Geschicht zeréckblécke kann.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jean-Bertels-Statu op der Iechternacher Sauerbréck.

D'Undenken un de Bertels[änneren | Quelltext änneren]

  • An der Stad Lëtzebuerg gëtt et am Quartier Hollerech[4] eng "Rue Jean Bertels".
  • D'Lëtzebuerger Post huet eng Rei vun Timberen erausginn, déi mam Bertels ze dinn hunn:
    • 1947: d'Statu vum Bertels, am September 1944, op der zerstéierter Sauerbréck zu Iechternach;[5]
    • 1985: de Bertels am Alter vu 50 Joer um Specksteemodell vun enger Medail,[6] déi warscheinlech ni erauskomm ass.[5]
    • 1998-2000: dräi Serië vu jee véier Timberen (timbres de bienfaisance) mat Zeechnungen, déi de Bertels vu lëtzebuergeschen Uertschafte gemaach huet, déi vun der Abtei Iechternach ofhoungen:[7]
- 1998: Vuë vun den Uertschafte Bech, Iermsdref, Izeg a Steenem;
- 1999: Vuë vun den Uertschaften Uesweller, Beetebuerg, Kruuchten a Bierchem;[8]
- 2000: Vuë vun den Uertschafte Luerenzweiler, Konsdref, Elveng a Sprénkeng.[9]
Zeechnung vun Iechternach vum J. Bertels

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emil, 2011. Aux origines de l'historiographie luxembourgeoise: de l'abbé Bertels au père Bertholet, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 194-199.
  • Spang, P., 1984. Bertels abbas delineavit. 1544-1607. Les dessins de l'abbé Bertels. Die Zeichnungen von Abt Bertels. Comment le premier historien du pays de Luxembourg a vu et dessiné notre région européenne et les hommes qui y vivaient. Wie der erste Historiker Luxemburgs das Land und die Menschen unserer europäischen Region gesehen und gezeichnet hat. Avec une préface de Nic Weber. Lëtzebuerg, RTL-Édition, 255 S. ISBN 2-87951-076-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Bertels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aweiung vun den neie Stroossenimm an der Industriezone. Eechternoacher Gemäneblat 04/2016, S. 10-11.
  2. Bertels (Rue Jean). In: Ons Stad 1980, Nr. 3, S. 27.
  3. D'Titelsäit vun dëser 1. Editioun ass an dem Artikel vum Paul Spang (1996) Über das historische Bewußtsein der Echternacher reproduzéiert (Annuaire de la Ville d'Echternach 1995, S. 83).
  4. Les 24 quartiers de la Ville - Hollerich um Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg; fir d'lescht gekuckt den 21.08.2014
  5. 5,0 5,1 Kauthen, P., 1998. L'histoire d'Echternach racontée par les timbres-poste luxembourgeois. In: Cercle Philatélique Echternach (éd.): 57e Journée du Timbre Echternach, S. 35.
  6. Weiller, R., 1983. Ein unediertes Specksteinmodell mit dem Brustbild des Echternacher Abtes Johannes Bertels (1544-1607). Hémecht, 35 (3), S. 405-409.
  7. Frising, J. & A. Link, 2002. 150 Joer Käppercher, Bd. 2: Luxemburger Briefmarken 1966-2002. Luxemburg. Éditions St-Paul, S. 144, 148, 152.
  8. P&T 1999 Gearchiveerd op 2010-09-26. Gekuckt de(n) 2010-09-09.
  9. P&T 2000 Gearchiveerd op 2010-09-26. Gekuckt de(n) 2010-09-09.