Jean Bringer

Vu Wikipedia

De Jean Bringer, gebuer den 28. August 1916 zu Vincennes am Departement Val-de-Marne, a gestuerwen den 19. August 1944 am Domaine Baudrigues zu Roullens, Departement Aude, war e franséische Resistenzler. Hie war 1944 de Chef vun der Resistenz am Departement Aude

Hie war de Bouf vum Rodolphe Bringer, Matgrënner vum Canard enchaîné.

Militäresch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

  • 1936 gouf hien agezunn (Zaldot 2. Klass).
  • 1938 zum Sergeant ernannt.
  • 1938 gëtt hien och Reserve-Aspirant vum 75. Bataillon alpin de forteresse.
  • 1939 Reserve-Ënnerleitnant vum 95. Bataillon alpin de forteresse.
  • 1940 gëtt hie bei de 24. Bataillon de Chasseurs alpins affektéiert.
  • 1942 gëtt hien démobiliséiert.

No der Invasioun vun der Zone libre gëtt hien op Carcassonne an d'Forstverwaltung versat.

Resistenz[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen a Citatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chevalier vun der Légion d'honneur
  • Croix de guerre 1939-1945 avec palme
  • Citatioun am Originaltext:
    • Chef départemental de la Résistance de l'Aude, d'une grande valeur, s'est enrôlé dans la Résistance dès la dissolution des armées de l'Armistice. A organisé les C.P.L. dans le département dirigeant et participant lui-même aux sabotages et aux opérations de parachutages. A organisé également les maquis dans le département. A été arrêté par la Gestapo, qui connaissait ses fonctions et n'a pas parlé. Est mort glorieusement pour la France le 19 août 1944, fusillé par les Allemands. A montré le plus bel exemple de sérénité qu'un officier puisse donner à ses hommes en période de combat“ (décret du 18 avril 1946).