Jean Chacornac

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Jean Chacornac, gebuer den 21. Juni 1823 zu Lyon a gestuerwen den 23. September 1873 zu Lyon war e franséischen Astronom.

Hien huet an den Observatoiren zu Marseille a Paräis geschafft.

Hien huet verschidden héichwäerteg Stärekaarte gemaach an huet sechs Asteroiden, souwéi den NGC-Objet mat der Nummer 1988 am Stärebild Taurus entdeckt.

Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (1622) Chacornac an e Moundkrater no him benannt.

Entdeckt Asteroiden: 6
(25) Phocée 6. Abrëll 1853
(33) Polymnie 28. Oktober 1854
(34) Circé 6. Abrëll 1855
(38) Léda 12. Januar 1856
(39) Lætitia 8. Februar 1856
(59) Elpis 12. September 1860

Kuckt och[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie