Jean Charles Beving

Vu Wikipedia
Jean Charles Beving
Gebuer 10. September 1770
Gréiwemaacher
Gestuerwen 1. Mee 1850
Mäertert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Marguerite-Séraphine Beving


De Jean Charles (Charles) Beving, gebuer den 10. September 1770 zu Gréiwemaacher, gestuerwen den 1. Mee 1850 zu Mäertert, war e lëtzebuergesche Gierwer a Gemengepolitiker[1].

Vum 27. Oktober 1817[2] bis den 23. Januar 1818 war de Charles Beving Buergermeeschter vun Iechternach[3], wou hien eng Gierwerei hat.

Vun November 1830 bis Oktober 1841 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Mäertert[4].

Seng Eltere waren de Jean Beving (1732-1788) vu Gréiwemaacher an d'Anne-Marie Kauffmann, déi sech 1760 bestuet haten. De Jean Charles Beving, dee véier Kanner aus engem éischte Bestietnes mat der Madeleine Lessel vu Gréiwemaacher hat, huet sech den 28. August 1808 zu Mäertert mat der Margarita Francisca (Marguerite Françoise) Pescatore (1784-1875) vu Koblenz bestuet. D'Koppel hat sechs Kanner, dorënner d'Marguerite Beving, gebuer den 21. August 1809 zu Iechternach, gestuerwen den 2. Abrëll 1872 zu Tréier, bestuet mat dem Johann Anton Kocks. Eng aner Duechter, d'Séraphine Beving, gebuer zu Iechternach, de 27. Januar 1818, gestuerwen an der Stad Lëtzebuerg, de 24. Januar 1873, war mat dem Pierre-Antoine Pescatore (1814-1844) bestuet; si waren d'Eltere vum Dominique-Antoine Pescatore (1842-1916)[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Wehenkel, A., 2002. Chronique de la famille Pescatore. Une histoire généalogique et culturelle. Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique, Luxembourg, S. 63-66.
  2. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  4. Quell: Zivilstandsregëster vun der Gemeng Mäertert