Jean Charles Gloner

Vu Wikipedia
Jean Charles Gloner
Gebuer 1808
Gestuerwen 1873
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter

De Jean Charles Gloner, gebuer den 30. Mäerz 1808 zu Iechternach a gestuerwen am November 1873 zu Berlin, war e lëtzebuergeschen Dokter.[1]

De Charles Gloner huet am September 1837 säin Doktorat zu Würzburg gemaach. Seng Erlabnes, fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren, krut hien awer eréischt am Juli 1839. An der Tëschenzäit hat hien zu Iechternach am Collège municipal de Jean-Pierre Brimmeyr fir d'Schouljoer 1838/39 ersat.[2] 1840 huet hien Iechternach verlooss an eng Praxis zu Réimech opgemaach. Duerno war hien Dokter zu Bierschbech (1847-1862/1863), dann an der Stad Lëtzebuerg vun 1863 bis 1868, wou hie sech op Capellen an duerno op Berlin (1872) zeréckgezunn huet.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ueber die Krankheits-Constitutionen im Allgemeinen und die des Jahres MDCCCXXXVII insbesondere beobachtet im Julius-Hospitale zu Würzburg. Inaugural-Abhandlung der medicinischen Facultät zu Würzburg. Imprimerie de J. A. Schroell, Diekirch 1838, 45 S.
  • Le choléra à Luxembourg en 1866. Th. Schroell, Luxembourg 1866, 16 S.
  • Nouveau dictionnaire de thérapeutique comprenant l'exposé des diverses méthodes de traitement employées par les plus célèbres praticiens pour chaque maladie. Librairie J.B. Baillière, Paris 1874 , VIII, 803 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S. (Gloner, Jean-Charles-Henri: S. 54-55).[3]
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 465-480.<ref>Falsch Daten: 1811-1883 aplaz 1808-1873

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Kugener 2005, S. 596-598.
  2. Massard & Geimer 1992, S. 472 (Corrigendum: 1808-1873 amplaz 1811-1883).
  3. Wat d'Virnimm ubelaangt verwiesselt de Liez de "Jean Charles" mat deem sengem Brudder "Jean-Charles-Henri" a gëtt och deem säi Gebuertsdatum, de 7. Oktober 1811, un; donieft steet beim Liez och e falscht Stierfjoer: 1883 aplaz 1873. Dës falsch Donnéeë si vun enger Rei vu spéideren Auteuren iwwerholl ginn; dorënner och Massard & Geimer 1992).