Jean Charles de Landas

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Charles de Landas
Gebuer 17. Joerhonnert
Gestuerwen 1691
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Bauingenieur

De Jean Charles de Landas, Grof vu Louvigny, gestuerwe 1691 zu Mailand, war e franséischen Ingenieur a Gouverneur.

Urspréngleche Sysstem vum Vauban
verbesserte System vum Vauban

De Grof vu Louvigny war 1671 Festungsingenieur vun der Festung Lëtzebuerg. Hien ass bekannt fir seng Bauten un an an der Festung Lëtzebuerg. Sou gouf ënnert him d'Plëss d'Arem als Drillplaz ugeluecht, an hien huet de Vauban iwwerzeegt kritt, déi vun him entworfe baussenzeg Tuermspëtze vun der Festung op seng ganz Festungen a Frankräich z'iwwerdroen.

1672 huet de Louvigny eng Rëtsch niddreg fënnefeckeg Tierm virun der Festungsmauer entwéckelt, Redoute genannt, ronderëm déi en déiwe Gruef war, an déi als zweet Verdeedegungslinn gebraucht konnte ginn. Dës Tierm waren deelweis agegruewen, fir hir Resistenz ze stäerken, a waren duerch ënnerierdesch Gäng an eng Galerie ënnert der Contre-escarpe, mat der Festung an ënnerenee verbonnen.

De Louvigny hat 1670 och Pläng gemaacht fir eng Bréck iwwer de Péitrussdall ze bauen; se hätt sollen an der Verlängerung vun der Philippsgaass - tëscht de Bastioune Jost a Beck - bis op de Plateau Bourbon féieren. D'Pläng sinn awer net ëmgesat ginn an eréischt 200 Joer méi spéit ass d'Iddi vun enger Bréck iwwer d'Péitruss mat der Adolphe-Bréck realiséiert ginn[1].

De 5. Februar 1675 gouf en Interims-Gouverneur vu Lëtzebuerg.

No him gouf d'Stater Louvignys-Gaass (Luwwelengsgaass) an och de Fort Louvigny genannt, dee sengersäits der Villa Louvigny, déi op der selwechter Plaz gebaut gi war, den Numm gouf.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an ons stad Nr 39/1992, S. 30