Jean Curot

Vu Wikipedia
Jean Curot
Gebuer 3. August 1882
Neiduerf
Gestuerwen 21. Abrëll 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Moler, Zeechner

De Jean Curot, gebuer den 3. August 1882 am Neiduerf, gestuerwen um Zens den 21. Abrëll 1954, war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Hien huet, nieft anere Monumenter, 1932 de Fiisschen, d. h. d'Michel-Rodange-Monument um Knuedler entworf. Vun him ass och de Geessekapp mat Brëll iwwer dem Buer an der Mauer ënnerzeg vum Fiisschen. Et soll eng Karikatur si vun engem Proff aus dem deemolege Koléisch vis-à-vis.

De Jean Curot huet och donieft Plakater a Bicher-Coveren entworf.

Hie krut 1907, zesumme mam Auguste van Werveke, de Prix Grand-Duc Adolphe.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]