Jean Engling

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Erënnerungsplack un der Uelegmille bei Chrëschtnech

De Jean (oder Johann) Engling, gebuer den 13. Oktober 1801 zu Chrëschtnech, a gestuerwen den 13. Mäerz 1888 um Marienhaff (haut Lampertsbierg), war e lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog.

Vun 1825 bis 1828 war hie Professer am Collège communal zu Iechternach.
Am Athenäum war hie Philosophie- an Theologie-Professer vun 1841 bis 1869.

Vun 1845 un war hien um Seminär vu Lëtzebuerg an huet do Philosophie an Theologie enseignéiert.

Vun 1853 bis 1876 a vun 1885 bis 1888 war hie President vun der "Archeologescher Gesellschaft", déi 1868 d'Section des sciences historiques vum Institut royal grand-ducal gouf.

Hie war och eng gewëssen Zäit Doumhär vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg.

Zu Dummeldeng krut eng Strooss (rue Jean Engling) den Numm vun dësem villsäitege Mann.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Geschichte des sogenannten Klöppelkrieges, quellenmäßig dargestellt ; Lëtzebuerg, Drock a Verlag vum Victor Bück, 1858.
  • Eine altchristliche Basilika zu Altrier ; in: Organ des Vereins f. christliche Kunst... ; Lëtzebuerg, Nr. 7, 1867, Ss. 36-46.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Dostert, Jean Engling 1801-1888 ; in: 400 Joer Kolléisch , Bd. III; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2003; Ss. 265-267.
  • Marcel Ewers-Bartimes, Ein Pionier der Archäologie in Luxemburg - Zum 200. Geburtstag von Professor Jean Engling aus Christnach ; in: Luxemburger Wort , Ausgab vum 13.10.2001, S. 6.
  • Martin Blum, Herr Domkapitular Johann Engling, Präsident der hist. Sektion des K.-G. Institutes zu Luxemburg, in seinem Leben und Wirken dargestellt ; in: Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal (PSH), Bd. 15, 1899, S. 16-40.