Jean Ferrat

Vu Wikipedia
Jean Ferrat
Gebuertsnumm Jean Tenenbaum
Gebuer 26. Dezember 1930
Vaucresson
Gestuerwen 13. Mäerz 2010
Aubenas
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national des arts et métiers
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Dichter, Komponist, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Christine Sèvres, Colette Laffont
De Jean Ferrat, 1980, fotograféiert vum Erling Mandelmann
De Jean Ferrat (riets) mam Guy Thomas, deen eng ganz Rëtsch Lidder fir hie geschriwwen hat.

De Jean Ferrat gebuer de 26. Dezember 1930 zu Vaucresson, Hauts-de-Seine a gestuerwen den 13. Mäerz 2010 zu Aubenas, Ardèche, mam richtegen Numm Jean Tenenbaum, war e franséische Sänger a Komponist.

De Jean Ferrat huet ufanks Libeslidder komponéiert, mat deenen en an der Mëtt vun den 1950er Joren am Cabaret La Colombe zu Paräis opgetrueden ass, mä och fir d'Sängerin Zizi Jeanmaire. Méi spéit huet hie sech zu engem engagéierte Sänger entwéckelt, deen dem Parti communiste français no stoung, ouni awer Member ze sinn.[1] Op senge Placken huet hie politesch engagéiert Lidder mat poetesche Libeslidder vereent. Laang hu seng Lidder net däerfen um franséische Radio gespillt ginn, well se als ze vill "oséiert" ugesi goufen. Säi wuel bekanntst Stéck, La Montagne, an deem et iwwer Landflucht geet, gouf iwwer fënnef Milliounemol verkaf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Ferrat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Chanteur engagé et poète discret, Jean Ferrat est décédé en Ardèche. Tageblatt. Zeitung fir Lëtzebuerg, 14. Mäerz 2010. / Jean Ferrat s'est tu L'Humanité, gelies de 14. Mäerz 2010.