Jean Fohrmann

Vu Wikipedia
Jean Fohrmann
Als Buergermeeschter vun Diddeleng, 1951
Gebuer 5. Juni 1904
Diddeleng
Gestuerwen 17. September 1973
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP
Famill
Kanner Marthe Bigelbach-Fohrmann

De Jean ("Jängi") Fohrmann, gebuer de 5. Juni 1904 zu Diddeleng, a gestuerwen de 17. September 1973 zu Esch-Uelzecht,[1] war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler an LSAP-Politiker.

Seng Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Fohrmann huet seng Carrière mat fofzéng Joer als Schlässer op der Diddelenger Schmelz ugefaangen, wou hien am LAV militéiert huet. Nodeem hien 1924 an d'Belsch bei d'Forges de Clabecq gewiesselt hat, huet seng Gewerkschaft him d'Studien op der École Ouvrière Supérieure zu Bréissel erméiglecht. Hie gouf duerno Gewerkschaftsekretär an ass 1935 an d'Plaz vum déidlech verongléckte Jean-Pierre Bausch an d'Chamber "nogerutscht".

Am Zweete Weltkrich war de Jean Fohrmann Resistenzler an hie gouf dowéinst mat senger Famill op Leubus a Schlesien ëmgesidelt an hie selwer koum 1944 an d'KZ Groß-Rosen.

Vun 1946-1965 war hien, als Nofollger vum Théodore Thiel, Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng.

Och nom Krich war hie vun 1945 bis 1958, dunn vun 1959 bis 1965, an nach eng Kéier tëscht 1969 an 1973 Deputéierten an der Chamber.

Vun 1952-1957 war de Jängi Fohrmann Member a Vizepresident vun der berodender europäescher Versammlung (Assemblée consultative) vun der CECA, déi zu Stroossbuerg zesumme koum. 1965 bis 1967 war hie Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA.

Hie war Ausserdeem tëscht 1953 an 1964 Direkter vum Escher Tageblatt.

De Jängi Fohrmann huet och eng Rei vun Theaterstécker geschriwwen.

Hie war de Papp vun der Marthe Bigelbach-Fohrmann an de Grousspapp vum Alex Bodry.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alex Bodry, André Bigelbach: Jean Fohrmann. Lebenserinnerungen. Eng Diddelenger Biographie. 2023.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 124
  2. Memorial A N°17 vun 1960 mat der Lëscht vun de Leit déi 1960 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2013-01-03.