Johann von Aldringen
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Johann von Aldringen, gebuer den 10. Dezember 1588 am Stadgronn zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Juli 1634 zu Landshut, war am Laf vum Drëssegjärege Krich e Feldhär am Déngscht vun der Kathoulescher Liga. Hie war un der Conspiratioun géint den Albrecht von Wallenstein bedeelegt.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen [änneren]
Wann et allgemeng als sécher betruecht gëtt, datt de Johann von Aldringen am Stadgronn op d'Welt koum (d'Gemeng Lëtzebuerg huet eng entspriechend Plack um Gebuertshaus an der Tilleschgaass (rue Saint Ulric), da gi verschidden Historiker seng Gebuertsuertschaft mat Diddenuewen a Loutrengen un.
Hien huet aus enger aarmer Famill gestaamt an huet seng Carrière als Schreiwer an der Lëtzebuerger Landeskanzlei ugefaangen. Dunn ass hien an déi keeserlech-habsburgesch Arméi agetratt.
Fir un hien z'erënnere gouf an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt. DRue Aldringen verbënnt de westleche Wutz vun der Biedergaass mat der Groussgaass, féiert laanscht d'Postgebai iwwer dMontereys-Avenue ewech fir bei der Ënneschtgaass ze endegen. D'Busgare, déi no der Strooss genannt gouf, an déi op der Plaz vun der fréierer Aldringerschoul ugeluecht gouf, ass e wichtege Verkéiersknuet an der Uewerstad.
Säi Graf ass am Klouschter Prüll bei Regensburg.
Illustratiounen [änneren]
-
Gebuertshaus an der Tilleschgaass am Gronn.
-
Plack um Gebuertshaus.[1]
Literatur [änneren]
- Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910 [Neioplo 1972]. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Verlag É. Kutter, Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg. 514 p. [Johann von Aldringen: S. 51]
- Grégoire, Pierre, 1984. Saint Norbert et Jean d'Aldringen. Die Warte Jg. 37, Nr. 7: 1; Nr. 8: 4. Luxembourg.
- Vedruns, J., 1934. La famille Aldringen. Les Cahiers luxembourgeois 3 (1934), S. 293-296.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Johann von Aldringen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Notten [änneren]
- ↑ Den Text vun der Plack enthält e Feeler, "NAQUIT" wier déi korrekt franséisch Schreifweis.