Jean Hengen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean Hengen an der Bëschofssoutane

De Jean Hengen gebuer den 23. November 1912 zu Diddeleng, a gestuerwen den 29. Januar 2005 war de sechste Bëschof an éischten Äerzbëschof vun der kathoulescher Kierch vu Lëtzebuerg.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Hengen gouf den 23. November 1912 zu Diddeleng als siwent vun aacht Kanner vum Michel Hengen (21.07.1867 - 13.01.1950) an dem Anna Gindt (31.07.1870 - 04.11.1943) gebuer, wou hien dunn d'Primärschoul um „Strutzbierg“ an um „Deich“ besicht huet. Nom Ofschloss vum Sekundärstudium am Kolléisch an der Stad huet de Jean Hengen sech 1939 an de Fächer Philosophie an Theologie, op der Peepstlecher Universitéit Gregoriana zu Roum ageschriwwen. Duerno huet hien nach Kiercherecht studéiert.

De Paschtouer[änneren | Quelltext änneren]

Nach während dem Krich, de 27. Oktober gouf hien zu Roum an der Chiesa del Gesù zum Geeschtleche geweit. Seng Primiz huet hien zu Lëtzebuerg bei de Franziskanerinne gefeiert. Eréischt nom Krich 1945 huet hien déi éischt Mass zu Diddeleng a senger Heemechtspar gehalen.
No sengem Doktorat an der Theologie gouf hien den 20. August 1945 vum Bëschof Joseph Philippe zum Kaploun an der Kathedral, den 1. August 1949 zum Bistumskanzler an de 6. Juni 1955 zum Generalvikar ernannt.
Vun 1955 bis 1971 war hie President vum Opsiichtsrot vun der Imprimerie Saint Paul.

De Bëschof[änneren | Quelltext änneren]

Wope vum Bëschof Jean Hengen
Wope vum Äerzbëschof Jean Hengen

De Poopst Paul VI. huet de Jean Hengen den 8. Abrëll 1967 zum Titularbëschof vu Calama a Bëschofs-Koadjutor, mam Recht op Nofolleg, ernannt. De 4. Juni 1967 gouf hien an der Kathedral zum Bëschof geweit.

Den 12. Februar 1971, nom Ofdanke vum Léon Lommel, gouf hien dunn de sechste Bëschof vu Lëtzebuerg. Säi Wope gouf sou beschriwwen: D'argent au chevron abaissé de gueules, au chef d'azur à l'étoile d'argent. Säi Walsproch war „Tibi servire“ (Dir déngen). De Wopen, an der Äerzbëschofversioun, ass haut nach iwwer dem lénkse Säiteportal an der Parkierch vu senger Heemecht Diddeleng ze gesinn.

Den 13. Mee 1972 huet hien déi IV. Lëtzebuerger Diözesansynod aberuff. Et war eng Synod vun der Erneierung.

Wéi um Karfreideg 1985 den ale Klackentuerm vun der Kathedral gebrannt huet, huet hie selwer d'Mariestatu – dat grousst Lëtzebuerger Symbol - gerett. Hien huet duerno selwer d'Planung vum neien Opbau an d'Hand geholl.

De Poopst Jean Paul II. huet him am selwechte Joer de 16. Mee bei sengem Lëtzebuerg-Besuch perséinlech zum éischten Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt. 1988 ass Lëtzebuerg zu enger Äerzdiözes erhuewe ginn.
De Jean Hengen war och President vun der däitscher Kommissioun, déi fir d'Erausgi vun de liturgesche Bicher verantwortlech ass.

Eng Kierch, déi am Déngscht vu jonke Mënsche steet, war dem Bëschof Hengen e grousst Uleies. Ënner him entsteet 1974 de Pélé des Jeunes, de bis haut um éischten Oktavsonnde seng fest Plaz am Oktav-Kalenner huet. Weider Schwéierpunkten an der Jugendpastoral ware beim Poopstbesuch 1985 d'Begéinung vun de Jonke mam Jean-Paul II. zu Iechternach an 1988 de Jugenddag, eng national Form vun de Weltjugenddeeg.

Seng Pensioun[änneren | Quelltext änneren]

Grafplack vum Äerzbëschof Hengen an der Krypta vun der Kathedral

Mat der Wei vum Fernand Franck den 2. Februar 1991 zu sengem Nofolger ass dem Jean Hengen säin Episkopat op en Enn gaangen.

A senger Amtszäit war et him ëmmer wichteg, seng Heemechtsstad Diddeleng net vis-à-vis vun deenen anere Lëtzebuerger Stied ze favoriséieren.

Sou huet hien dem Abbé Robert Sibenaler seng Invitatioun an d'Oktavsmass vun den Diddelenger Pilgere während senger Amtszäit refuséiert, no senger Pensiounéierung huet hien ëmmer gären un dëser Traditioun zesumme mat der Diddelenger Gemeinschaft deelgeholl.

No sengem Doud ginn all Joer no der Oktavsmass fir déi Diddelenger Blummen an der Krypta niddergeluecht.

Den 29. Oktober 2000 huet de Jean Hengen säin diamantene Jubiläum als Geeschtleche gefeiert, Diddeleng huet „säi“ Bëschof den 23. November 2002 zu sengem 90. Gebuertsdaag geéiert, dat war gläichzeiteg déi lescht Mass, déi hien als Bëschof gehalen huet. Säi leschten ëffentlechen Optrëtt war awer den 10. Mee 2004 an der Oktavsmass zesumme mat den Diddelenger Pilger. An dëser Mass war hien net méi als Bëschof a vollem Ornat mat Mitra a Staf, mä hien hat eng einfach violett Bëschofssoutane mat engem Rochett driwwer un.

Den 29. Januar 2005 ass den Al-Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Mgr Jean Hengen um 12h00 am Spidol um Kierchbierg gestuerwen.

Seng stierflech Iwwerreschter goufen den 3. Februar 2005 an der Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg bäigesat.

Auszeechnungen an Titelen[änneren | Quelltext änneren]

Akademesch Titelen[änneren | Quelltext änneren]

Dokter an der Theologie

Kierchlech Éierenauszeechnungen an Titelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bëschof vu Lëtzebuerg, ernannt den 8. Abrëll 1967 an den 12. Februar 1971 am Amt
  • Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ( 16. Mee 1985 perséinlech Ernennung vum Poopst Jean Paul II. )
  • Chanoine honoraire vun der Kathedral vu Lëtzebuerg 3. Juni 1955 (chanoine titulaire 14. August 1956)
  • Peepstleche Kummerhär 15.September 1956
  • Peepstleche Prelat 22. Januar 1960
  • Chanoine d'honneur vun der Kathedral vu Stroossbuerg 1975

Akademesch Éierenauszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dr. Theol. h.c. Theologische Fakultät Trier 2. Dezember 1982

National Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.
  • Gindt, Jean-Louis, 1991, Die Dienste der Kirche in Luxemburg an den Jugendlichen, Situationsanalyse der Beziehungen zwischen Jugendlichen und Kirche unter Mgr. Jean Hengen und pastoraltheologischer Versuch eines Konzeptes für die kirchliche Arbeit unter Jugendlichen., Luxembourg, mémoire scientifique, 300 S. Download-Versioun

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Hengen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger BishopCoA PioM.svg Nofolger
Léon Lommel Lëscht vun de Bëscheef Fernand Franck