Jean Jacoby

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Olympesch Reng
Konschtkompetitiounen
Gold Olympesch Summerspiller 1924 an 1928 Zeechnungen

De Jean Lucien Nicolas Jacoby, gebuer de 26. Mäerz 1891 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 9. September 1936 zu Mulhouse, war e lëtzebuergesche Moler vu Sportthemen. Hien huet zweemol, 1924 zu Paräis mat sengen Aquarelle "Corner", Depart a "Rugby" an 1928 zu Amsterdam mat dräi Rugbyzeenen, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen, wat soss keen olympeschen Artist fäerdegbruecht huet.

1932 zu Los Angeles krut hie Spezialmentioune fir seng Wierker an 1936 zu Berlin gouf hien och erëm als Gewënner annoncéiert, awer den Organisatiounscomité huet du beschloss keng Medail fir den Éischt klasséierten ze verdeelen.

Hürdeleefer:Aquarell vum Jean Jacoby
Zeechnung vum Jean Jacoby vun de Leefer Edwards a Wodruff
Rugby: Zeechnung vum Jean Jacoby

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Kandheet a Jugend zu Molsheim (Elsass) huet de Jean Jacoby säi Konschtstudium an der École des Beaux-Arts zu Stroossbuerg gemaach.

Duerno war en Zeecheprofesser (1912-1918) an der Lewin-Funcke-Schoul zu Berlin, ass dann als Kierchemoler op Wiesbaden gaangen, an dunn op Stroossbuerg, wou en d'kënschtleresch Direktioun vun enger Dréckerei iwwerholl huet.

Defintiv ass hien international bekannt ginn nodeem hien 1923 a Frankräich de Concours de l'Auto mat senger Zeechnung den Hürdeleefer als beschte Sportzeechner, géint ongeféier 4.000 Konkurrenten, gewonnen hat. Vun 1926 bis 1934 huet hie beim Ullstein-Verlag als Zeechner a kënschtlereschen Direkter fir zwou Zeitungen, d-Berliner Illustrierte an d'Grüne Post, déi do erauskoumen, geschafft. Hie war och de Grënner vun enger Radioprogrammzäitschrëft fir ganz Däitschland, déi Sieben Tage geheescht huet.

1934 ass hien op Mulhouse geplënnert, wou en 1936 un engem Häerzschlag gestuerwen ass.

Seng zweet Fra war d'Maria Jacoby.

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Am August 1937 gouf zu Schëffleng e Monument zu Éiere vum Jean Jacoby opgeriicht, dat de Wenzel Profant entworf hat[1] an de Schëfflenger Sportstadion no him genannt. Zu Bouneweg gëtt et och eng Stroos déi säin Numm dréit: d'rue Jean Jacoby verbënnt d'rue Pierre Krier mat dem boulevard Baden-Powell.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Jacoby – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Escher Tageblatt vum 8-3-1937.