Jean Joris

Vu Wikipedia
Jean Joris
Gebuer 5. Abrëll 1829
Gestuerwen 3. November 1893
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Drécker

De Jean Joris, gebuer de 5. Abrëll 1829 zu Autelbas-les-Arlon, gestuerwen den 3. November 1893 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Drécker, Editeur a Journalist.

Hien huet 1871 d'Zeitung L'Indépendance luxembourgeoise gegrënnt, déi hie bis zu sengem Doud als Redakter geleet huet.

1872 huet hien déi éischt Oplo vum Renert erausginn.

Hien huet de Libretto vun der lëtzebuergescher Operett Gewéssensbéss geschriwwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1867-1872. Une page d'histoire du grand-duché de Luxembourg, Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1888.