Jean Kill

Vu Wikipedia
Jean Kill
Gebuer 1903
Gestuerwen 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Jean Kill (1903-1969) war Schoulmeeschter, Journalist an Editeur, Generalsekretär vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) an Auteur.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Scho jonk war de Jean Kill politesch lénks engagéiert. Sou stoung hien 1919 der lëtzebuergescher republikanescher Beweegung ganz no. Hien ass Member vun der Sozialistescher Jugendbeweegung ginn an huet 1921 gehollef d'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg grënnen. Ëm déi Zäit huet hien d'Lehrer-Normalschoul ofgeschloss an ass hie Schoulmeeschter ginn.

De Jean Kill war ee vun den éischte Mataarbechter vun der Zeitung Die Arbeiter-Stimme (1930), aus där 1935 Die Volksstimme an 1946 d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek entstane sinn. Wéinst senger engagéierter Memberschaft an der KPL, an obwuel hien als Léierpersoun näischt falsch gemaach hat, gouf de Jean Kill, iwweregens mam Dominique Urbany, 1934 vum demolege Staats- an Unterrechtsminister Joseph Bech als Schoulmeeschter ofgesat, mat Oferkennung vu senge Pensiounsrechter. De Jean Kill war vun do un Editeur vum Presseorgan vun der KPL.

Nom däitschen Afall an d'Sowjetunioun 1941, ass den deklaréierten Antifaschist als Resistenzler aktiv ginn.

Den 12. Mäerz 1945 gouf hien duerch groussherzoglechen Arrêté, zum Member vun der Assemblée consultative ernannt. Dës provisoresch Institutioun huet vum 20. Mäerz bis zum 16. August 1945 funktionéiert (18 Sëtzungen).

Hien huet 1963 als éischten eng Geschicht vu Lëtzebuerg vum marxistesche Standpunkt aus verfaasst: bei Geleeënheet vum 1000. Anniversaire vun der Stad Lëtzebuerg, huet de Jean Kill eng Artikelserie iwwer d'Geschicht vum Land an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek publizéiert, aus där e bëssche méi spéit e Buch entstanen ass (vgl. infra).

De Studien-Zentrum vun der KPL ass nom Jean Kill benannt ginn: Centre Jean Kill.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1000jähriges Luxemburg. Woher? - Wohin? Ein Beitrag zum besseren Verständnis der Geschichte des Luxemburger Landes ; Lëtzebuerg (COPE), 1963.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ali Ruckert, Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs ; Lëtzebuerg (KPL); 1. Bd.: 2006 (1921-1946); 2. Bd.: 2007 (1947-1954); 3. Bd.: 2010 (1955-1960);
  • Henri Wehenkel, 1933-1944: Der antifaschistische Widerstand in Luxemburg ; Lëtzebuerg (COPE), 1985.
  • Stéphanie Kovacs, Communisme et anticommunisme au Luxembourg 1917-1932 ; Bartréng (Rapidpress), 2002.
  • Centre Jean Kill (Kollektiv), 1921-1981 - Beiträge zur Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs ; Lëtzebuerg (COPE), 1981.