Jean Kobs

Vu Wikipedia
Jean Kobs
Gebuer 12. Abrëll 1912
Hayange
Gestuerwen 29. August 1981
Godinne
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller

De Jean Kobs, gebuer den 12. Abrëll 1912 zu Hayange a Loutrengen, a gestuerwen den 29. August 1981 zu Godinne, war e belsche Geeschtlechen an Auteur.

Nodeem hien zu Houffalize an der Belsch vum Ufank vum Éischte Weltkrich u bis an d'Joer 1919 gewunnt hat, huet hie vun 1923 bis 1932 Theologie, Latäin an Algriichesch am Petit Séminaire vu Baaschtnech studéiert. Duerno, vun 1932 bis 1936, huet hie säi Studium am Grand Séminaire zu Namur weidergefouert.

1937 ass de Jean Kobs Kaploun zu Barvaux-sur-Ourthe genannt ginn. Hie war fir d'éischt Paschtouer zu Dinez-Houffalize (1942-1958), duerno zu Dave-sur-Meuse (1958-1977).

De Jean Kobs huet méi wéi 1600 Gedichter hannerlooss.

De Laurent Fels ass am Gaang eng kritesch Ausgab a 5 Bänn vum Kobs sengem Gesamtwierk bei den Éditions Poiêtês erauszeginn, vun där bis elo just den éischte Band erauskoum.

Wierker vum Jean Kobs[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Parfum du Silence, Léck, Vaillant-Carmanne, 1949.
  • Les Roses de la Nuit, mat engem Virwuert vum Yves-Gérard Le Dantec, Paräis, Points et Contrepoints, 1953.
  • Le Kobzar de l'Exil, tome 1, Paräis, Points et Contrepoints, 1973.
  • Le Kobzar de l'Exil, tome 2, Paräis, Points et Contrepoints, 1974.
  • La Mémoire du Silence, Namur, Bellalui/La Corniche, 1983.
  • L'Offrande du Kobzar, Anthologie vun iwwer 300 Gedichter, zesummegestallt vum Marie-Thérèse Boulanger, Namur, Bellalui/La Corniche, 1985.
  • Oeuvres complètes, tome 1, erausgin a présentéiert vum Laurent Fels, Lëtzëbuerg, Éditions Poiêtês, coll. "Poésie", 2009.
  • Jean Kobs: Dernier Voeu, choix établi par Marie-Thérèse Boulanger pour une édition posthume ; introduction, notes et postface par Laurent Fels, Montreuil-sous-Bois, Éditions Joseph Ouaknine, 2011.

Bicher an Artikelen iwwer de Jean Kobs[änneren | Quelltext änneren]

  • Marie-Thérèse Boulanger, "Jean Kobs, Prêtre-Poète", in Le Pays-Haut, 1984, n°3-4, p. 136-147.
  • Renée Van Coppenolle, Un Prêtre-Poète: Jean Kobs, Ottignies, J. Dieu-Brichard, 1986.
  • Ferdinand Stoll, Le Prince du sonnet: Jean Kobs, curé de campagne (1912-1981), Lëtzëbuerg, Publications du Centre universitaire de Luxembourg, coll. "Études romanes", 1991, n°4.
  • Ferdinand Stoll, "Une contribution à la réception de Rilke en Belgique: les essais d'interprétation en vers français réguliers de l'abbé Jean Kobs: documents inédits", in Revue de littérature générale et comparée, Lëtzëbuerg, 1991, p. 77-92.
  • Michel Ducobu, Jean Kobs, in Dossiers L, n°10, Arel, Service du Livre Luxembourgeois, 1992 [éischt Éditioun: 1986].
  • Michel Pirson, Choix de poèmes religieux de Jean Kobs, Namur, Les Éditions namuroises, 2006.
  • Laurent Fels, "Jean Kobs", in Les Cahiers de Poésie, Montreuil-sous-Bois, Éditions Joseph Ouaknine, 2007, n°12, p. 349-351.
  • Ferdinand Stoll, "Jean Kobs, poète des Ardennes et du Namurois", in Les Cahiers de Poésie, Montreuil-sous-Bois, Éditions Joseph Ouaknine, 2007, n°12, p. 353-380.
  • Laurent Fels, Jean Kobs (1912-1981): la poésie comme mode de vie et de pensée, Bruxelles, Francfort..., Peter Lang, 2012.
  • Laurent Fels (éd.), Dans la Chambre secrète du silence, actes du colloque de Clervaux (26 janvier 2013), Luxembourg, Poiêtês, coll. "Cahiers Jean Kobs", 2015, n°1.