Jean Malget

Vu Wikipedia
Jean Malget
viru senger Éilerenger Paar (2013)
Gebuer 23. Januar 1931
Gestuerwen 10. Oktober 2017
Aktivitéit Paschtouer, Historiker

De Jean Nicolas Malget, gebuer den 23. Januar 1931 zu Bëschdref a gestuerwen den 10. Oktober 2017[1], war e lëtzebuergesche Priister, Lokal- a Kierchenhistoriker.

De Jean Malget huet vun 1952 bis 1958 Philosophie an Theologie am Seminär vu Lëtzebuerg studéiert.[2] No senger Priisterwei, den 13. Juli 1958, koum de Jean Malget als Kaploun op Steesel[3] an dono, vun 1965 bis 1970, op Esch-Uelzecht an d'Häerz-Jesu-Par (Par Sacré-Cœur, Esch-Grenz)[4][5]. Am Laf vum Joer 1970 gouf hie Paschtouer zu Éilereng. Donieft war hien och nach vun 1970 u Reliounsproff an der Handwierkerschoul respektiv dem technesche Lycée vun Esch-Uelzecht.[4][5]

De Jean Malget war Membre effectif vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique a Membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal.[2]

De Jean Malget huet eng Hellewull vun Artikele publizéiert, ë. a. an der Warte an an der Hémecht. Vun 1980 u war hie permanente Mataarbechter vun der Zäitschrëft Heimat und Mission.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Malget, J. 1978. Aus der Geschichte der Militärgarnison in Echternach. Soldatenseelsorger Hubert-Albert Faulhauer (1848-1851). Die Warte 1978, Nr. 13/1155 (22. April), S. 4.
  • Malget, J. 1980. Die alten Hausnamen in Not. Bulletin linguistique, ethnologique et toponymique, Inst. g.-d., sect. linguist., folkl., toponym., fasc. 22, S. 121-146.
  • Malget, J. 1983. Johann Olav Fallize, Apostolischer Vikar von Norwegen und Spitzbergen. Hémecht, Jg. 35(1983), Heft 4, S. 613-634 ; Jg. 36(1984), Heft 1, S. 51-78 ; Heft 3, S. 415-456.
  • Malget, J. 1986. Ehleringen, ein Dorf mit Geschichte. In: 25 Joer F.C. Ehleringen. Quinzaine Sportive du 15 août au 3 septembre 1986. Esch/Alzette, S. 33-50.
  • Malget, J. 1989. Aus der Korrespondenz des Johann-Mathias Blaise, Pfarrer von Saeul (1761-1808). Die Warte 1989, Nr. 11/1520 (13. April), p. 1; Nr. 13/1522 (27. April), p. 1; Die Warte 1990, Nr. 6/1547, p. 1.
  • Malget, J. 1993. „Ein einfacher und schlichter Priester”. Vor 150 Jahren starb Johann-Theodor Van der Noot, Apostolischer Vikar für Luxemburg. Die Warte 13/1659, 22. April 1993, S. 1.
  • Malget, J. 1995. Ein Leben zwischen Hammer und Amboß. Schwester Maria Dominika Klara vom hl. Kreuz, geb. Anna Moes (1832-1895). Bemerkungen zum ersten Zentenarium ihres Todes. Die Warte 48, 8/1725 (23. Februar): 1.
  • Malget, J. 2000. „Fine coronato nobilitat opus”: Den Dominikanerinnen in Luxemburg-Limpertsberg in Dankbarkeit. Die Warte, 52 (8/1915), S. 1-2.
  • Malget, J. 2001. De la théorie à la réalisation: Deux visages antagonistes du clergé grand-ducal au XIXe siècle. Bulletin du Musée en Piconrue 63, S. 51-58.
  • Malget, J. 2002. Pacificus a Cruce. Bulletin du Musée en Piconrue 68, S. 77-83.
  • Malget, J. 2005. Maria von Mörl aus Tirol. Ihr Ruf drang bis nach Luxemburg. Hémecht 57(2), S. 185-197.
  • Malget, J. 2008. Jean Nikolaus Arresdorff aus Limpach, gestorben als Weihbischof in Münster am 28. März 1620: Sein Leben, sein Testament, seine Bibliothek Hémecht, Jg. 60, Heft 1, S. 79-104.
  • Malget, J. 2013. Jean Nikolaus Arresdorff aus Limpach, gestorben als Weihbischof in Münster am 28. März 1620: Sein Leben, sein Testament, seine Bibliothek. De Familjefuerscher, Jg. 29(2013), N° 89, S. 1-128 (cf: photo cover).
  • De Malget huet doriwwer eraus en ettlech Artikelen iwwer Paschtéier a Bëscheef am Biographesch-Bibliographesche Kierchelexikon publizéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • L.E., 2017. Abbé Jean Malget verstorben. Luxemburger Wort 2017-10-13, S. 27.
  • Muller, J.C. & P. Muller, 2007. Bibliographie Jean Malget zum 70./75. Geburtstag am 23.01.2001/2006. Annuaire / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik 2001, S. 221-240.
  • Reiser, Charles, 2008. Prof. Abbé Jean Malget feierte goldenes Priesterjubiläum in seiner Heimatpfarrei Buschdorf. Luxemburger Wort 2008-07-22, S. 27.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2017-10-11, S. 57 (Doudesannonce).
  2. 2,0 2,1 R.P. Prof. Jean Malget. Sacred Military Constantinian Order of Saint George (gekuckt 2017-10-13). Gearchiveerd op 2012-03-07. Gekuckt de(n) 2012-03-19.
  3. L.E 2017.
  4. 4,0 4,1 Flies, J., 1979. Das andere Esch – An der Alzette. Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg, S. 1249 (Pfarrei Herz-Jesu) respektiv S. 1254 (staatliche Gewerbeschule).
  5. 5,0 5,1 Reiser 2008.