Jean Mathias Foehr

Vu Wikipedia
Jean Mathias Foehr
Gebuer 2. Mäerz 1819
Gestuerwen 21. Januar 1910
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Barthélemy Foehr
Geschwëster Jean Pierre Foehr

De Jean Mathias Foehr (Föhr), "Jean" resp. "Johann" genannt,[1] gebuer den 2. Mäerz 1819 zu Iechternach, gestuerwen den 21. Januar 1910 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Gierwer, Gemengepolitiker an Deputéierten.[2]

Hie war de Fils vum Barthélemy Foehr. 1854 gouf hien an den Iechternacher Gemengerot gewielt; 1861 gouf hie Schäffen.[3] Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 21. Mee 1879[4] bis den 12. Juni 1906[2] an – als Nofollger vu sengem verstuerwene Brudder Jean Pierre Foehr[1] – Deputéierte vun 1875 bis 1910.[5]

Hie war Jonggesell bliwwen an ass zu Iechternach begruewe ginn.[6]

De Martin Blum schreift, de Jean Foehr hätt zesumme mam Norbert Metz an dem Léon Wurth de Rapport de la commission nommée par l'Assemblée des États pour examiner la question de la liquidation entre le Grand-Duché de Luxembourg et les Pays-Bas. (V. Bück, Luxembourg 1868, 18 S.) redigéiert. Dobäi handelt et sech ëm eng Verwiesslung mat dem Jean Pierre Foehr, déi de Blum a senge Corrigenda redresséiert huet.[7]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1999. Personnagen: Jean Mathias Foehr. Lëtzebuerger Journal 1999, Nr. 41 (2. März), S. 19.
  • Arendt, K., 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Bd. 1-6. Neuauflage. Ed. Kutter, Luxemburg 1972, S. 483 (Bürgermeister Johann-Mathias Föhr).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Cf. Luxemburger Wort 1875, Nr. 132 (8. Juni), S. 1 (Wir lesen im "Echternacher Anzeiger"). [1]
  2. 2,0 2,1 Massard, J.A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 209.
  3. Arendt 1904-1910, Anonym 1999.
  4. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  5. Als, N. & R. Philippart, 1994. La Chambre des Députés. Histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 514.
  6. Begräbnisfeier des Deputierten Hrn. Föhr. Luxemburger Wort 1910, Nr. 24 (24. Januar), S. 2. [2]
  7. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, S. 289 a S. 765.
  8. Memorial A n° 22 vun 1909 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen