Jean Mathieu Conzemius

Vu Wikipedia
Jean Mathieu Conzemius
Gebuer 13. Juni 1775

De Jean Mathieu Conzemius (eigentlech Jean Mathieu Conzemius de Bouvier d'Yvoire), gebuer den 13. Juni 1775 zu Stackem a gestuerwen ëm 1840, war e Lëtzebuerger Klengadelege mat däitsch-franséische Wuerzelen an Offizéier am Napoléon senger Arméi.

De Jean Mathieu Conzemius ass 1775 als Jong vum Lëtzebuerger Klengadelege Michel Conzemius de Bouvier a senger Fra, der Susanne v. Feyder zu Stackem bei Klierf op d'Welt komm. Do ass hien an einfache Verhältnesser grouss ginn.

Well hie vun doheem aus net op eng grouss Ierfschaft hoffe konnt, huet et de Jean Mathieu an d'Welt gezunn an en ass an d'franséisch Arméi agetrueden. Duerch d'Protektioun vun engem wäitleefege Familljemember huet hien do séier Carrière gemaach. Am Joer 1800, bei der Schluecht vu Marengo, hat hie schonn de Grad vun engem Capitaine.

Nodeem hie bei där Schluecht grousse Courage bewisen hat, gouf hie vum Napoléon an de Rang vun engem Colonel erhuewen an, ee Mount méi spéit huet de Keeser him den Titel vun engem "Baron d'Empire" zougestanen.

Am Dr. Loutsch senger Woperull ass de Wope vum J.M. Conzemius a senger Famill follgendermoosse beschriwwen: D'argent à la fasce de gueules, accompagnée de trois étoiles de... (wat heescht datt den Email vun de Stären net bekannt ass).

Zur Famill vum Jean Mathieu léisst sech soen datt en den 13. Juni 1797, op sengem Gebuertsdag, mat der Susanne von Raths, mat där hie 6 Kanner sollt kréien, bestuet gouf.

Seng Spuer verléiert sech kuerz viru sengem Doud, mä et gëtt ugeholl datt hie seng lescht Joren, veraarmt a geeschteg beniwwelt, op sengem klengen Domaine verbruecht huet.