Jean Muller (Resistenzler)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Resistenzler Jean Muller. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Muller.
Jean Muller
Gebuer 27. November 1909
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 2. Mee 1976
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Scout, Resistenzler
Member vun Lëtzebuerger Guiden a Scouten

De Jean Muller, gebuer de 27. November 1909 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen den 2. Mee 1976, war e Scout a lëtzebuergesche Resistenzler.

Als Kommissär vun den deemolege Lëtzebuerger Scouten (haut: Lëtzebuerger Guiden a Scouten), war hie Matgrënner vun der L.S., der Resistenzorganisatioun vun de Lëtzebuerger Scouten am Zweete Weltkrich.

De Jean Muller ass de 26. Juni 1942 vun der Gestapo verhaft ginn, nodeem hie geflüchte franséische Prisonéier gehollef hat, fir d'franséisch Grenz ze passéieren. De 7. Juli 1942 ass hie fräigelooss ginn, well se him näischt konnten noweisen.

De 16. Februar 1943 gouf en erëm verhaft an an d'KZ Hinzert ageliwwert. Do ass en den 1. Abrëll 1945 vun den amerikaneschen Truppe befreit ginn. D'National-Sozialisten hunn net gewosst, datt si et mat dem Matgrënner vun de Resistenzgruppe vun der L.S. an dem L.V.L. ze dinn haten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]