Jean Nelissen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Nelissen gebuer den 2. Juni 1937 zu Geleen, gestuerwen den 1. September 2010 zu Maastricht, war en hollännesche Sportsjournalist.
Hie war jorelaang Chefreporter fir de Sport bei der Zeitung De Limburger, gouf awer haaptsächlech bekannt als Sportscommentateur fir Vëloscoursse bei Studio Sport. Hien war bekannt wéinst sengem grousse Wëssen an der Geschicht vum Vëlossport.
Den Nelissen huet 23 Bicher geschriwwen, dorënner De bijbel van de Tour de France, an där all d'Succèsen um Tour de France opgezielt sinn
Zënter 2007 war hie manner aktiv, huet awer nach fir de De Limburger an d'Wieler Revue geschriwwen, déi al Mount eng Kéier erauskënnt