Jean Nicolas

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean Nicolas 2008

De Jean Nicolas, gebuer den 20. Juli 1951 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Verleger.

Hien ass den Administrateur vun der Groupe de Presse Nicolas, déi zu Lëtzebuerg d’Zeitungen Lëtzebuerg Privat, Promi Lëtzebuerg, L'investigateur-Le Nicolas déchaîné an D'Wäschfra erausgëtt. D'Gesamtoplo vun dësen Zäitschrëfte geet wäit iwwer 50.000 eraus, wat méi wéi 200.000 Lieser bedeit[Source ?] an domat aus dëser Pressegrupp déi drëttstäerkst vu Lëtzebuerg mécht. Déi Zäitschrefte si gréisstendeels am Boulevardstil geschriwwen, deen dës Pressegrupp zu Lëtzebuerg agefouert huet.

De Jean Nicolas huet säi Beruff ë.a. an der Paräisser Journalisteschoul Centre de formation des journalistes (CFJ) geléiert. Als jonke Journalist huet e beim Républicain Lorrain an duerno vun 1976 bis 1978 als Chefredakter[1] beim Lëtzebuerger Journal geschafft. Vum 2. Februar 1981 un huet hie während zwee Joer all Dag eng Zeitung am DIN A4-Format, op 16 Säiten, mat dem Numm haut erausbruecht. Dat war bis ewell deen eenzege Versuch zënter 1948, fir eng Lëtzebuerger Dageszeitung méi op de Maart ze bréngen. [2]

Duerno ass de Jean Nicolas als fräischaffende Journalist am Ausland regelméissege Mataarbechter gewiescht vum däitsche Focus fir deen hien ë.a. Deeler vun der Europaaktualitéit zu Bréissel an de Krich zu Belgrad ofgedeckt huet, vum däitsche Spiegel, wou hie während zwee Joer iwwer d’Affär Dutroux a verschidden europäesch Themen enquêteiert huet, vun der däitscher ARD, wou verschiddener vu senge journalistesche Filmer als Auteur oder Co-Auteur zu de beschte Sendezäiten iwwert d’Antenne gaange sinn, vum franséische Sender France 2, wou hien eng Serie vu Filmer a Reportagë signéiert huet, déi am Zesummenhank mat der Affär Elf-Aquitaine stoungen, iwwer déi hien iwwer e Joer an Europa an an Asien recherchéiert huet, oder och nach vum franséische Magazin VSD, an deem während zwee Joer regelméisseg grouss Enquêtë vun him publizéiert goufen.

Och Medie wéi Le Parisien, Paris-Match, The Sunday Times, The Guardian oder ZDF hu vun Zäit zu Zäit op seng Mataarbecht zréckgegraff.

Zäitgläich huet hien eng Rëtsch Bicher verëffentlecht, vun deenen déi bekanntsten L’Europe des Fraudes (an 2 Bänn) an Dossier pédophilie sinn. An deem éischte Buch gëtt d’Chute vun der Europäescher Kommissioun 1995-1999 erzielt, an am zweeten d'Verstréckung vun der belscher Politik an dem Kinnekshaus mat Sexaffären. Dat Buch huet him ënner anerem en internationalen Haftbefehl vun der belscher Justiz abruecht, dee 4 Joer oprecht erhale gouf. Vun ufanks2002 bis Mëtt 2006 konnt hien net méi an d'Ausland reesen an huet misse säin Job als fräien Investigatiounsjournalist un den Nol hänken. Hien huet sech dunn exklusiv ëm seng Editioune gekëmmert.

[änneren] Bibliographie

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. G. Hausemer: Luxemburger Lexikon, Säit 318. De Lux.Lex. gëtt en als Chefredakter un, iwwerdeems de R. Hilgert en als "Redakter" ugëtt, cf.Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. No enger Informatioun vum Claude Karger, Chefredakter beim Journal, un e Mataarbechter vum Blog-Site Pianocktail wier déi Informatioun vum Chefredakter richteg, e weess just d'Datummer net.
  2. Artikel Tau im kryonkonservierten Reich vum 3. Dezember 1999 vum Romain Hilgert am Journal .
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht