Nicolas Breisdorff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean Nicolas Breisdorff)
Nicolas Breisdorff
Gebuer 28. August 1826
Gestuerwen 10. Mee 1892
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jean Nicolas Breisdorff, gebuer den 28. August 1826 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 10. Mee 1892[1],[2], war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Politiker.

Hien huet vun 1840 bis 1848 an der Stad um Atheneum an duerno dräi Joer um Seminaire studéiert. Am September 1851 gouf hie Vikar zu Steesel, an am November 1853 Rédacteur-adjoint am Luxemburger Wort. Tëscht Juni 1855 an 1884 war hie Chefredakter vum Wort.

1881 gouf den Nicolas Breisdorff als Deputéierte vum Kanton Réiden an d'Chamber gewielt a war dat bis 1887[3].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Artikel '† Hochw. Herr Nik. Breisdorff' am Luxemburger Wort vum 11. Mee 1892
  2. Stierfakt N° 178 vum 10. Mee 1892 vun der Stad Lëtzebuerg betreffend den Nicolas Breisdorff
  3. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 510