Jean Octave
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Octave gebuer den 22. September 1942 zu Péiteng, an opgewuess zu Kënzeg, ass e fréiere Lëtzebuerger Journalist an Teleesspriecher.
No senger Première an der Industrieschoul huet de Jean Octave zu Paräis eng Léier a Stagen als Journalist gemaach. Schonn als Student war hie bei enger Owessendung op Radio Lëtzebuerg derbäi.
Vun 1966 bis 1994 war hie Redakter bei RTL, a Chefredakter vun der Teleesemissioun Hei elei, kuck elei.
De Jean Octave ass mat der Jaga Anthony bestuet an huet zwee Meedercher.
Gielercher [änneren]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1998)[1]