Jean Parisot de La Valette

Vu Wikipedia
De Jean Parisot de la Valette

De Jean Parisot de La Valette, gebuer 1494 am Schlass vu Labro zu Parisot, a gestuerwen den 21. August 1568 zu Valletta op Malta, war e Groussmeeschter vum Souveräne Malteeseruerden.

De Jean Parisot de La Valette entstaamt enger aler Famill vun Toulouse. 1557 gouf hien zum 49. Groussmeeschter vun de Malteeser gewielt, e Posten, deen hie bis zu sengem Doud hat.

Hien huet sech 1565 e groussen Numm gemaach, wéi e bei der Belagerung vu Malta dem Suleiman II. mat senge 40.000 Männer an iwwer 200 Schëffer de Bass gehalen huet, a sou d'Tierken heemgeschéckt huet. Duerno huet hien d'Festung weider ausbaue gelooss an 1566 huet en d'Stad Valletta gegrënnt, déi säin Numm dréit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]