Jean Paul Getty

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean Paul Getty 1944

De Jean Paul Getty, gebuer de 15. Dezember 1892 zu Minneapolis a gestuerwen de 6. Juni 1976 zu Sutton Place, bei Guildford, an der Grofschaft Surrey, war en US-amerikaneschen Industriellen a Konschtmäzen.

Nodeems hie seng Economiesstudien an England ofgeschloss hat, huet de Jean Paul Getty sech ëm d'Ueleggeschäfter vu sengem Papp George Franklin Getty bekëmmert. Hien huet d'Getty Oil Company gegrënnt. De Jean Paul Getty gouf zu senger Zäit als ee vun de räichste Männer vun der Welt op e Verméige vun 20 Milliarden Dollar geschat.

Vun 1951 un huet de Jean-Paul Getty an England gelieft wou hien och Bicher geschriwwen huet, esou ënner anerem How to be Rich an As I See It: The Autobiography of J. Paul Getty.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Getty Center – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen