Jean Schaack

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Jean Schaack. Fir den Zeitungsediteur, kuckt wgl. Jean Schaack-Wirth.
Jean Schaack
Gebuer 28. Mee 1895
Walfer
Gestuerwen 24. September 1959
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Jean Schaack, gebuer den 28. Mee 1895 zu Walfer a gestuerwen de 24. September 1959 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

1913, nom Ofschloss vun der Handwierkerschoul, studéiert de Jean Schaack op der Konschtakademien zu Stroossbuerg a München. 1914 huet hie seng éischt Ausstellung am Cercle artistique. An den 1920er Jore mécht hie laang Studiereesen an Italien, Südfrankräich, op Bruges an an d'Corse, vu wou e Landschaftsbiller mat erëmbréngt.

1926 ass hie mat bei de Moler vun der Sezessioun, déi en neie Wand an déi lëtzebuergesch Konschtszeen bruecht hunn. 1930 kënnt en an de Cercle artistique hannescht. Vun 1929 bis 1959 schafft hien als Konscht- an Zeecheprofesser am Kolléisch. D'Molerei bleift weiderhi seng Passioun.

1951 hat de Jean Schaack seng lescht Ausstellung am Cercle artistique. Hien ass mat 64 Joer gestuerwen.

1984 war eng Retrospektiv vu senge Wierker an der Villa Vauban ze gesinn.

Ausstellungskatalogen[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Schaack 1895-1959. (Ausstellung an der Villa Vauban, 1984. De Katalog gouf zesummegestallt vum Service des affaires culturelles vun der Stad Lëtzebuerg). 44 S. Imprimerie Joseph Beffort, Lëtzebuerg.

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Pol Michels, 1929. Jean Schaack, der einfache Maler elementaren Geschehens. Les Cahiers Luxembourgeois 6 (1927-1928, Spezialausgab mam Titel: L'Art des Jeunes), S. 473-480. (Neigedréckt am Katalog vun der Ausstellung vun 1984 an der Villa Vauban).
  • Jean-Marie Durand (alias Léon Thyes), 1932. Impressions. Luxemburger Zeitung, 2. Februar 1932. (Neigedréckt am Katalog vun der Ausstellung vun 1984 an der Villa Vauban).
  • Batty Weber, 1935. Abreißkalender. Luxemburger Zeitung, 3. Dezember 1935.
  • M. W., 1936. Atelierbesuch bei Jean Schaack. A-Z. Luxemburger Illustrierte 51, S. 4-6. (Mat enger Foto vum J. Schaack an 12 Reproduktiounen).
  • Léon Berchem, 1947. Jean Schaack. Ons Jongen. Organe de la Ligue des réfractaires et déportés militaires luxembourgeois 11, S. 13-15.
  • Pierre Winter, 1960. In Memoriam Jean Schaack 1895-1959. Chroniques des établissements d'enseignement secondaire et normal 1959-1960. Publication du ministère de l'éducation nationale, Lëtzebuerg, S. 43-45.
  • Jean Probst, 1984. Jean Schaack et son oeuvre. Jean Schaack 1895-1959. (Katalog vun der Ausstellung vun 1984, ouni Säitenzuelen).

Tableaue vum Jean Schaack am Kolléisch[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]