Jean Schoos (Historiker)

Vu Wikipedia
Jean Schoos
Gebuer 8. Juni 1924
Bäerdref
Gestuerwen 9. Abrëll 2005
Bäerdref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Regionalhistoriker, Medievist, Universitéitsprofesser

De Jean Schoos, gebuer den 8. Juni 1924, a gestuerwen den 9. Abrëll 2005, war e Lëtzebuerger Historiker. Seng Spezialitéit war d'Erfuersche vun der Geschicht vum Lëtzebuerger Herrscherhaus an d'Geschicht vu Lëtzebuerg vum Mëttelalter bis haut.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Schoos huet vun 1946 bis 1949 op der Universitéit vu Fribourg an der Schwäiz studéiert, wou en och promovéiert huet (Dr.Phil.). Vun 1950 u war hien zu Bonn wou hie sech 1954 habilitéiert huet. Vun 1957 un huet hien dunn, als Nofollger vu sengem Meeschter Camille Wampach, op der Universitéit vu Bonn Course ginn. Hie war ganz laang Member vum Institut für Geschichtliche Landeskunde der Rheinischen Friedrich-Wilhelms-Universität Bonn. 1964 war hien, nodeem e sech staark fir eng Partnerschaft tëscht den Universitéite vu Bonn a vun Toulouse engagéiert hat, Gaaschtprofesser op der Universitéit vun Toulouse. Vun 1964 u war hie "wissenschaftlicher Rat" a "Professor" op der Uni Bonn, an zwar bis 1989, Joer an deem hien emeritéiert gouf. Hien huet awer weiderhi fir d'Uni Bonn geschafft an huet réischt 1995 seng lescht Course gehalen.

1952 war de Jean Schoos membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal ginn.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Machtkampf zwischen Burgund und Orléans unter den Herzögen Philipp dem Kühnen & Johann ohne Furcht von Burgund und Ludwig von Orléans. Mit besonderer Berücksichtigung der Auseinandersetzung im deutsch-französischen Grenzraum ; Habilitatiounsschrëft, in: Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg (PSH), Bd. LXXV; Lëtzebuerg (Impr. Joseph Beffort), 1956; 217 Säiten (+ Kaarten & genealogesch Tafelen).
  • Thron und Dynastie (1989)
  • Die Orden und Ehrenzeichen des Großherzogtums Luxemburg und des ehemaligen Herzogtums Nassau in Vergangenheit und Gegenwart (1990)

Literatur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Barbara Rotzoll-Golly, Mittler zwischen zwei Kulturen: Akademische Feier zum 70. Geburtstag von Professor Jean Schoos in der Universität Bonn; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 22. Juni 1994; S. 5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]