Jean Sibelius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean Sibelius am Joer 1939.
Dem Sibelius säi Gebuertshaus.

De Johann Julius Christian Sibelius, besser bekannt als Jean Sibelius, gebuer den 8. Dezember 1865 zu Hämeenlinna a gestuerwen den 20. September 1957 zu Järvenpää, war e finnesche Komponist.

De Jean Sibelius huet Droit an duerno Musek zu Helsinki, Berlin a Wien studéiert. Schonn als jonke Komponist hat de Sibelius groussen Erfolleg an 1897 krut hien eng staatlech Bourse, déi him et erlaabt huet, e Liewen ouni Suergen, op sengem Landsëtz zu Järvenpää, eng 37 km nërdlech vun der Haaptstad ewech, ze féieren.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Zu senge bekanntste Wierker gehéieren, nieft 7 Symphonien: d'Toundokument Valse triste ? / i, e Geie-Concerto, d' Karelia-Suite an De Schwan vun Tuonela.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Sibelius – Biller, Videoen oder Audiodateien