Jean Simmons

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Jean Simmons am Film Young Bess (1953)

D'Jean Merilyn Simmons, gebuer den 31. Januar 1929 zu London, a gestuerwen den 22. Januar 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war eng britesch-US-amerikansch Schauspillerin.

Als jonkt Meedchen huet d'Jean Simmons a Kiss the Bride Goodbye, Caesar and Cleopatra a Great Expectations matgespillt. 1950 ass si an Amerika ausgewandert, wou se de Stewart Granger kennegeléiert a méi spéit bestuet huet. Hien huet hir e Kontrakt vun zwee Joer beim Howard Hughes senger Filmproduktiounsgesellschaft verschaaft. Mat hirer Roll vun enger Mäerderin an Angel Face 1952 hat d'Jean Simon den Duerchbroch beim grousse Public. Dono huet se mam Marlon Brando ënnert der Regie vum Henry Koster d'Titelroll an Désirée gespillt. Et koume Rollen a Guys and Dolls (1955), Home before dark (1958) a Spartacus (1960). Am selwechte Joer huet si sech vum Stewart Granger scheede gelooss.

Méi spéit huet si sech mam Regisseur Richard Brooks bestuet, mat deem se eng Duechter hat. An den 1980er Joeren hat se Succès an hirer Roll an der Televisiounsserie The Thorn Birds (de: Dornenvögel).

Inhaltsverzeechnes

Filmographie (Auswiel) [änneren]

Kino [änneren]

Televisioun [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Jean Simmons – Biller, Videoen oder Audiodateien