Jean Thill (1854-1937)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geeschtlechen, Professer an Historiker Jean Thill. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Thill.
Jean Thill
Gebuer 28. November 1854
Gestuerwen 22. Oktober 1937
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Jean Thill, gebuer den 28. November 1854 am Neiduerf (deemools Gemeng Eech) a gestuerwen den 22. Oktober 1937 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer an Historiker.

De Jean Thill ass de 24. August 1878 zum Priister geweit ginn.[2] De 26. Oktober 1880 huet hien am Kader vun der "Collation des grades" de lëtzebuergeschen Doktorat gemaach (Spezialitéiten: Latäin an "antiquités grecques"). No senger Zäit als Repetent am Atheneum, gouf hien am Juni 1883 Professer an deemselwechte Gebai.

De 26. September 1896 ass hien Direkter vum Iechternacher Progymnasium ginn. Hien ass och Direkter bliwwen, wéi de 17. Abrëll 1900 aus dem Progymnasium e richtege Gymnasium gouf. Aacht Joer duerno hat hien es genuch mat deem Posten a gouf de 15. Oktober 1908 op seng eegen Demande hin erëm Professer am Atheneum[2], wou hie vun deem Dag u bis de 14. September 1910 Relioun enseignéiert huet an d'Charge vum Aumônier hat. De 6. November 1917 ass hie pensionéiert ginn.

De Jean Thill war "membre effectif" vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal, an déi hien 1896 opgeholl gi war.

1936 gouf hien "chanoine honoraire" vun der Kathedral zu Lëtzebuerg. An der Sainte-Sophie huet hien niewelaanscht Latäin, Geschicht a Psychologie enseignéiert.[3]

Hien ass den Auteur vun enger Rei vun historesche Publikatiounen.[4]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • La critique moderne et les deux lettres de Pline le Jeune sur les chrétiens. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1885-1886 / Königlich-Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1885-1886 / Athénée royal grand-ducal de Luxembourg. - Luxembourg: V. Bück, 1886. - S. 13-34.
  • Xénophane de Colophon. In: Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1887-1888 / Königlich-Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg = Programme, publié à la clôture de l'année scolaire 1887-1888 / Athénée royal grand-ducal de Luxembourg. - Luxembourg: V. Buck, 1888. - S. 1-21.
  • La doctrine d'Aristote sur la tyrannie. Louvain: Lefever frères et soeur, 1889. - 34 S. (Extrait du Muséon)
  • Das Fundementalprinzip aller Wissenschaften. Fulda: Fuldaer Actiendruckerei, 1891. - 16 S. (Sonderabdr. aus: "Philosophisches Jahrbuch" der Görres-Gesellschaft).
  • Die Eigentumsfrage im klassischen Altertum. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1891-1892 / Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1891-1892 / Athénée grand-ducal de Luxembourg. - Luxembourg: V. Bück, 1892. - S. 3-66.
  • Peter Sarrasin von Echternach, Banquier des Erzbischofs Balduin von Trier. - Luxemburg: Bück, 1895. - 20 S. (Extrait de: Publications de la section hist. de Luxembourg, t. 44, 1895, S. 251-268.)
  • Das wissenschaftliche Denken und dessen Anfänge im Abendlande. - In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1896-1897 / Grossherzogliches Progymnasium zu Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1896-1897 / Progymnase grand-ducal d'Echternach. - Luxembourg: V. Bück, 1897. - S. 1-92.
  • Le Collège d'Echternach comme établissement de l'État depuis sa création jusqu'en 1897. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1896-1897 / Grossherzogliches Progymnasium zu Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1896-1897 / Progymnase grand-ducal d'Echternach. - Luxembourg: V. Bück, 1897. - S. 1-68.
  • Un Head-master du dix-neuvième siècle. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1898-1899 / Grossherzogliches Progymnasium in Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1898-1899 / Progymnase grand-ducal d'Echternach. - Luxembourg: V. Bück, 1899. - S. 3-87. (Betr.: Thomas Arnold, engleschen Theolog a Pedagog).
  • Der Chinese der Chinesen. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1900-1901 / Grossherzogliches Gymnasium in Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1900-1901 / Gymnase grand-ducal d'Echternach. - Luxembourg: V. Bück, 1901. - S. 1-73.
  • Les dissertations de nos programmes au dix-neuvième siècle. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1901-1902 / Grossherzogliches Gymnasium in Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1901-1902 / Gymnase grand-ducal d'Echternach. - Luxembourg: V. Bück, 1902. - S. 1-138.
  • La civilisation pétrifiée dans les mots. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1904-1905 / Grossherzogliches Gymnasium in Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1904-1905 / Gymnase grand-ducal d'Echternach. - Luxembourg: V. Bück, 1905. - S. 1-39.
  • Der Begründer der Volksschule. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1907-1908 / Grossherzogliches Gymnasium in Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1907-1908 / Gymnase grand-ducal d'Echternach. - Luxembourg: Ch. Beffort, 1908. - S. 3-35.
  • Plato und Augustinus. In: Programmm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1912-1913 / Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg, Gymnasium = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1912-1913 / Athénée grand-ducal de Luxembourg, Gymnase. - Luxembo: J. Beffort, 1913. - S. 3-32.
  • La congrégation de Notre-Dame à Luxembourg: 1627 - 1927. - Luxembourg: Ch.-Léon Beffort, 1927. - 78 S. (Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, t. 61, S. 305-384).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus, 1937. Ehrenprofessor Dr. Johann Thill . Luxemburger Wort 1937-10-23, S. 7, Nr. 296/297.
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 S.
  • Didier, N., 1926. Le gymnase d'Echternach de 1901 à 1926. Travail statistique. Luxembourg, J. Beffort, 63 S.
  • Lang, C., 1955. Jean Thill (1854-1937). In: Athénée grand-ducal de Luxembourg. Trois cent cinquantième anniversaire de sa fondation. Luxembourg, S. 157-160.
  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125.
  • Spang, P., 1993. Die Studien über Echternach. Hémecht, 45 (2), S. 213-226.
  • Thibeau, A.P., 1939. Historique de la direction de l'enseignement secondaire. In: Un siècle de vie intellectuelle 1839-1939. Éd. Journal des Professeurs, Eich, Impr. Kasel, S. 18-26.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Didier 1926, S. 22; Thibeau 1939, S. 25; Lang 1967, S. 102-103.
  2. 2,0 2,1 Biographie vum Jean Thill am Luxemburger Wort vum 23. Oktober 1937
  3. Lang 1967, S. 103.
  4. Katalog vun der Nationalbibliothéik; Blum 1981, S. 529; Lang 1967, S. 103; Spang 1993, S. 220. De Jean Thill huet awer net, wéi de P. Spang op Grond vun engem Lapsus schreift, dem Abt Thiofrid seng "Vita Sancti Willibrordi" erausginn; dat war de Jacques Schmitz, dem J. Thill säi Virgänger als Direkter, am Joer 1898.
  5. Memorial N° 51 vun 1902 at enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen