Jean Thill (1933-2010)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist an Auteur Jean Thill. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Thill.
Jean Thill
Gebuer 3. Mee 1933
Gestuerwen 15. September 2010
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Jean Thill, gebuer den 3. Mee 1933 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 15. September 2010[1] war e lëtzebuergesche Jurist, Regierungsbeamten an Auteur.[2]

No senge Secondairesstudien am Atheneum (1947-1953) huet de Jean Thill vun 1953 bis 1957 Droit zu Lëtzebuerg (Cours supérieurs), Grenobel a Paräis studéiert. Vun 1958 bis 1962 huet hien als Affekot geschafft, ass dann awer 1962 als Attaché an den Inneministère komm, wou hien am Laf vu senger Carrière bis zum 1. Regierungsconseiller avancéiert ass. De 14. September 1985 ass de Jean Thill President vun der Chambre des comptes ginn, e Posten, deen hie fréizäiteg am Juli 1990 aus Gesondheetsgrënn huet missen opginn, verbonne mat dem Éierentitel vu senger Funktioun.

De Jean Thill war vun 1972 u "Chargé de cours" op de "Cours universitaires". Hie war President vum "Conseil supérieur pour le service d'incendie", vum "Conseil supérieur pour la protection civile" a vum SEBES, dem "Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre". Op internationalem Plang war hie Member vum "Comité directeur pour les questions régionales et municipales" beim Europarot zu Stroossbuerg.

De Jean Thill ass den Auteur vun enger Rei vu juristesche Publikatiounen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Thill, J., 1971. Le conseil communal. In: Bulletin du Centre de documentation communale, N° 11 (mars 1971), S. 7-21.
  • Thill, J., 1971. Le conseil communal; le collège des bourgmestre et échevins. Luxembourg, Éditions d'Letzeburger Land, 48 S.
  • Thill, J., 1973. Documents et textes relatifs aux constitutions et institutions politiques luxembourgeoises. Luxembourg, Centre de documentation communale, 339 S.
  • Thill, J., 1978. Documents et textes relatifs aux constitutions et institutions politiques luxembourgeoises. 2e édition. Luxembourg, Centre de documentation communale, 358 S.
  • Thill, J., 1987. Grandeurs et misères d'une Vieille Dame: réflexions sur la révision de la Constitution. In: d'Letzeburger Land, Jg. 34(1987), Nr. 53, S. 8-9 (och publizéiert an: FGFC, 1988. 1912-1987: 75e anniversaire de la Fédération générale des fonctionnaires communaux, S. 215-223).
  • Thill, J., 1988. L'État gardien des règles du jeu de l'activité économique: le rôle économique des communes. In: L'État dans l'économie luxembourgeoise: session d'études économiques luxembourgeoises: mai-juin 1987. Institut universitaire international Luxembourg, S. 173-196 (och publizéiert an: FGFC, 1988. 1912-1987: 75e anniversaire de la Fédération générale des fonctionnaires communaux, S. 157-175).
  • Thill, J., 1989. L'art d'être édile communal. Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 100 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • sjp., 2010. Jean Thill †. Ehrenpräsident der Rechnungskammer gestorben. Luxemburger Wort 2010, Nr. 219 (20. September), S. 20.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort 2010, Nr. 218 (18. September), S. 82.
  2. sjp. 2010.