Jean Turk

Vu Wikipedia
Jean Turk
Gebuer 13. Januar 1919
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Dezember 2013
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Fuerscher
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois


De Jean Turk (Türk), gebuer den 13. Januar 1919 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 20. Dezember 2013, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Mykolog.

Den Ingenieur[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Turk huet 1947 säin Diplom als Ingenieur op der ETH Zürich kritt. Hien huet duerno op der ARBED geschafft, wou hie spéider Chef de service vun der Akafszentral war.

Den 29. Mäerz 1948 huet hie sech mat der Marie Madeleine Hein, der Duechter vum Professer a Schrëftsteller Nicolas Hein, bestuet. D'Koppel krut dräi Kanner: Anne Marie (1949), Françoise (1951) a Philippe (1954).

De Jean Turk war Éierekonsul vu Portugal zu Lëtzebuerg.

De Mykolog[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Turk war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois a vun där hirem Groupe de recherche mycologique. Hien huet zu den unerkannte Champignonsspezialiste vu Lëtzebuerg gehéiert. Hien ass de Coauteur vun e puer Artikelen iwwer Champignonen a vun engem Buch iwwer auslännesch Beem, déi zu Lëtzebuerg wuessen.

Publikatiounen (chronologesch)[änneren | Quelltext änneren]

  • Tholl, M.T. & J. Turk, 2001. Notes mycologiques. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 102(2001): 155 [conc.: mycoflore de la carrière du Schwaarzenhaff à Steinfort].
  • Welter, A., J. Turk & J. Trossen. 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Ferrantia (Travaux scientifiques du musée national d'histoire naturelle de Luxembourg) 53: 1-111.
  • Garnier-Delcourt, M., G. Marson, C. Reckinger, B. Schultheis, M.T. Tholl & J. Turk, 2010. Notes mycologiques luxembourgeoises. IV. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 111(2010): 61-79.
  • Garnier-Delcourt, M., Ch. Reckinger, M.T. Tholl & J. Turk, 2011. Notes mycologiques luxembourgeoises. V. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 112(2011): 39-50.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]